Skip to content

13. a 14. Mee 2023

AKTIVITÉITE FIR
STAARK KANNER

D’VIRDEELER VUN DER NON FORMALER BILDUNG SPILLERESCH A KREATIV ENTDECKEN

Wärend der Kannerwoch vum 13. bis den 19. Mee 2023 organiséiert de Secteur vun der non formaler Bildung (Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen, Dageselteren) eng ganz Rëtsch vun Evenementer op lokalem an nationalem Plang, fir de Leit dobaussen ze weisen, wéi eng edukativ Aarbecht all Dag an hire Strukture geleescht gëtt.

E PARTNER AN DER Edukatioun vun ÄreM KanD

De Secteur vun der non formaler Bildung schafft Hand an Hand mat der Schoul an den Elteren an offréiert Ärem Kand eng global Bildung iwwer de ganzen Dag. Domat spillt dëse Secteur eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik, där hir Aufgab et ass, all Kand déi nämmlecht Chancen ze ginn, fir säi schoulesche Parcours ofzeschléissen, onofhängeg vum sozio-ekonomesche Kontext, der Mammesprooch an dem Migratiounsprofil.
D’Educateuren aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere schafen – duerch hir Haltung, d’Organisatioun vum Dag an d’Gestaltung vun der Offer – en Ëmfeld, dat Ärem Kand e Gefill vu Sécherheet vermëttelt an em zur gläicher Zäit en autonoomt Léieren erlaabt. D’Kand ka seng sozial Kompetenzen, seng Kreativitéit, seng Teamfäegkeet, säi Virwëtz asw. fräi entwéckelen.

KOMMT AN ENTDECKT D’BILDUNGS A BETREIUNGSSTRUKTURE vum 13. bis den 19. Mee 2023

D’Crèchen, d’Maison-relaisen, d’Foyer-scolairen an d’Dageselteren organiséieren Aktivitéite mat a fir Kanner, fir den Elteren en Abléck an den Alldag an de Betreiungsstrukturen ze ginn. Ugebuede ginn net nëmmen Atelieren zu deene verschiddensten Theemen, ma och Porte-ouverten oder informativ Spadséiergäng.

Verschidden Aktivitéiten adresséieren sech un zukünfteg Elteren, fir datt si sech mat der Léieraart, wéi déi non formal Edukatioun se erméiglecht, kënne familiariséieren an esou gesinn, wéi hei d’Individualitéit vun all Kand berücksichtegt an zu senger globaler Edukatioun bäigedroe gëtt.

KANNERFESTIVAL, de 13. a 14. Mee

D’Woch fänkt u mat engem Kannerfestival, samschdes, de 13., a sonndes, de 14. Mee 2023 am Centre culturel de rencontre Neimënster. Eng drësseg Atelieren invitéieren Är Kanner fir ze spillen, ze kreéieren, ze entdecken, ze sichen oder ze erfuerschen a weisen Iech, wéi een duerch an iwwer dem Spille léiert. Dir kënnt Iech esou mat den Aktivitéitsfelder vun der non formaler Edukatioun an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen a bei den Dageseltere familiariséieren.

Aktivitéiten an der Kannerwoch – Kanner & Elteren

Zënter 2016 setzt sech de Ministère fir Edukatioun, Kanner a Jugend duerfir an, datt aus de Kanner staark Kanner ginn. E Gesetz garantéiert d’pedagogesch Qualitéit vun de vum Staat unerkannte Prestatairë vun de Servicer fir d’Bildung an d’Betreiung vun de Kanner (Asbl oder Gemeng) oder de private Strukturen (kommerziell Struktur oder Dageselteren), déi permanent verbessert gëtt.

Am Mëttelpunkt vun de pedagogeschen Iwwerleeunge stinn d’Autonomie, dat fräiwëllegt Matmaachen, d'Léieren an der Grupp ëm d’Bild vun engem „kompetente Kand“, dat vu Gebuert un ënnerschiddlech Fäegkeeten an Intressie matbréngt. Dës Iwwerleeungen hunn hir Plaz an engem nationale Referenzkader fonnt, deen d’Prestatairë fir Bildung a Betreiung, déi vum Chèque-service Accueil profitéieren, alleguer musse respektéieren.
Dat selwecht gëllt fir de Programm vun der méisproocheger Fréifërderung fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, begleet vun enger gratis Betreiung vun 20 Stonnen d’Woch, déi 2018 an de Crèchen ageféiert gouf.