Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

30. AN 31. MEE 2026
ABTEI NEIMËNSTER

den 30. an 31. Mee an der Abtei Neimënster

Kannerfestival, den 30. Mee 2026, vun 10 bis 18 Auer an den 31. Mee 2026, vun 10 bis 17 Auer

Non-formal Bildung erliewen : léieren, e Kannerspill !

Déi fënneft Editioun vun der Kannwerwoch gëtt samschdes den 30. Mee a sonndes 31. Mee 2026 mat engem Kannerfestival am Centre Culturel vun der Abbaye de Neumünster (28, rue Münster, L-2160 Luxembourg) lancéiert.

A villen Ateliere kënnt Dir mat Äre Kanner spillen, kreéieren, entdecken, fuerschen an Iech esou op eng lëschteg a spilleresch Aart a Weis mat den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung vertraut maachen, déi an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren, Minicrèchen a bei den Dageselteren applizéiert ginn.

Stänn & Workshops

1 workshop

1
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Iwwergäng Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

Autonoomt Spill a Léierprozesser

An der Agora invitéiere mir Iech, ee vun de wichtegsten Elementer fir Léierprozesser vum Kand ze entdecken, ze erliewen an Iech doriwwer auszetauschen: d’Spill.
An engem Raum mat inspiréirendem pädagogeschem Material begleede mir Iech an sou kënnt Dir d’Freed an d’Begeeschterung vun Ärem Kand beobachten a mat erliewen.

Fir Kanner vu 0 bis 12

1 workshop

2
Emotiounen a sozial Bezéiungen

Ludothéiken

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

Um Stand vun de Ludothéike fannt Dir e Raum deen de Briet-Spiller gewidmet ass, mat enger Auswiel u Spiller fir all Altersgrupp. Strategie-, Observatiouns- a Kooperatiounsspiller erlaben Iech, e gemeinsame Moment mat Ärem Kand ze deelen an d'Freed vum zesummen spillen (nees) ze entdecken.

Vu 4 bis 12 Joer

1 workshop

3
Wäerter, Participatioun & Demokratie

Den DemokratieLabo

Den Zentrum fir politesch Bildung presentéiert eng aktualiséiert Versioun vun der Ausstellung Den DemokratieLabo. Nei Themen a spannend Aufgaben invitéieren d'Visiteuren, hir eegen Iddien, Iwwerzeegungen an Erfarungen am Zesummenhang mat der Demokratie an der lëtzebuergescher Gesellschaft ze analyséieren an ze diskutéieren, genee wéi an engem richtege Laboratoire. D'Ausstellung ass interaktiv a méisproocheg (Däitsch, Franséisch an Englesch) a riicht sech un e breede Public vun 10 bis 99 Joer.

Sall Godchaux
Sall Michel Linden
Sall Lily Unden

1 workshop

4
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Kulturama

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

De Stand “Kulturama” invitéiert Iech, zesumme mat Ärem Kand an zwou Kënschtlerinnen an d’Ënnerwaasserwelt anzedauchen. Duerch Danz an Theater entdeckt Dir verschidde Forme vum kënschtlereschen Ausdrock, déi d’Imaginatioun, d’Beweegung an d’Kreativitéit ureegen. Begleet vun enger Choreografin an enger Theaterpädagogin, déi d’Melusina verkierpert, fërdert dës Aktivitéit d’Entdecke vun neie kënschtleresche Passiounen.

Vu 4 bis 12 Joer

3 workshops

5
Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien

BIBLIOBUS

De Bibliobus bréngt Bicher a Liesfreed direkt bei d’Kanner an d’Familljen. Mir invitéieren zum Stéberen, Entdecken an zesumme Liesen. D’Familljen hunn d’Méiglechkeet nei Genren, Themen an Erzielformen op eng spilleresch Aart a Weis ze entdecken a kennenzeléieren. Duerch perséinlech Recommandatiounen a begleedend Aktioune gëtt d’Freed um Liesen nohalteg gefërdert.

Fir Kanner vun 0 bis 5

Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Geschichten erziele liicht gemaach

An dësem Atelier léieren d’Famillje verschidde pädagogesch Materialie ronderëm d’Geschichten erziele kennen. Et ginn einfach an alldeeglech uwennbar Methode virgestallt, fir Liesmomenter op eng onkomplizéiert Aart a Weis an de Familljenalldag z’integréieren – sief et als Owendritual, kleng Liespaus tëschenduerch oder als Begleedung bei gemeinsamen Aktivitéiten. D’Zil ass et, d’Freed um Virliesen ze vermëttelen, d’Kanner nohalteg fir Geschichten ze begeeschteren an d’Sproochentwécklung ze fërderen.

Fir Kanner vun 0 bis 6

Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Schreifatelier

An eisem pädagogeschen Atelier „Schreifatelier“ entdecken d’Kanner an hir Familljen d’Freed um Geschichte schreiwen. Si léiere verschidde Schreifweise kennen a kënnen dës selwer ausprobéieren. Kreativ ginn si och beim Bastele vun engem eegene Lieszeechen. Esou ginn d'Sproochkompetenz, d’Fantasie an d’Freed um Liese spilleresch gefërdert.

Fir Kanner vu 7 bis 12

4 workshops

7
Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Ziel mir deng Geschicht

Schneid, pech, erfann… a gëff den Held vun dengem eegenen Abenteuer! An dësem Atelier baut d'Kand eng Welt, déi him entsprécht, bréngt seng Personnagë zum Liewen an erfënnt eng eenzegaarteg Geschicht. Jidderee kann seng Iddie a Kreativitéit fräi auszedrécken, a sech gehéiert a geschätzt fillen.

Fir Kanner ab 3 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Wëssenschaft an Technik

Hänn mat vill Talent

Raaft Saachen op, huelt se mat enger Pëtz, setzt seiwwereneen, huelt e Fuedem a fuerscht mat Äre Fanger! Duerch flott klengErausfuerderungen üübt Dir Äre Geschéck a entdeckt alles, wat Dir mat Ären Hännkënnt maachen. Dir kënnt am eegenen Tempo esou oft spille wéi dir wëllt, averbessert Äre Geschéck an engem séchere Kader.

Fir Kanner ab 1 Joer

Emotiounen a sozial Bezéiungen Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wäerter, Participatioun & Demokratie

Missioun 'méiglech': d’Kannerrechter eroberen

Géi no vir, no hannen, probéier eis Challengen ... an erliefd’Kannerrechter duerch e spillerescht Abenteuer mat villen Iwwerraschungen! Kuckgutt, denk no a vill Spaass – du gëss de Meeschter vun denge Rechter!

Fir Kanner ab 4 Joer

Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

3 Welten - 1000 Abenteuer

Géi an de Bësch, an e Bauerenhaff an op d’Mier! Fuersch, pak un an erfann onwarscheinlech Geschichte mat Déieren a Natur. Si däerfen och an engem sécheren Ëmfeld liewen a wuessen. Vill Spaass, entdeck d’Welt a looss deng Fantasie spille fir 1000 Abenteuer ze gestalten ... andeems du hiert Doheem respektéiers an e richtege Beschützer vun den Déiere gëss.

Fir Kanner ab 2 Joer

1 workshop

8
Wäerter, Participatioun & Demokratie

10 doigts – 10 droits

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

De Stand “10 Doigts – 10 Droits” (“10 Fangeren – 10 Rechter”) bitt Ärem Kand d’Méiglechkeet seng Rechter mathëllef vun engem flotte Fangerpoppespill kennen ze léieren. Animéiert vum Potty Lotty, vermëttelt dës Aktivitéit wichteg Notiounen op eng zougänglech a spilleresch Aart a Weis a fërdert dobäi och den Austausch an d’Gespréich an der Famill.

Vun 0 bis 4 Joer

4 workshops

9
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen

Sensoresche Parcours fir déi ganz kleng Kanner : Motorik a Sënner stäerken

E Parcours wou kleng Kanner hir Sënner op eng duuss Manéier kenne stimuléieren. Si entdecke verschidde Materialien, Texturen a Sensatiounenduerch Taaschten, Beweegung an Observatioun. Mat enger Villfalt u Materialien an Objete léieren si hire Kierper an hir Ëmwelt an engem sécheren a berouegende Kader kennen, an hir Virwëtz,Entwécklung a Freed um Entdecke gëtt gefërdert.

Fir Kanner vun 0 bis 2

Iwwergäng Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

Mat véier Hänn: Mat denger Famill däin eegene Tic-Tac-Toe gestalten !

D’Kanner an hir Eltere gestalten zesummen hiren eegenen Tic-Tac-Toe, andeems si Waken op eng individuell an eenzegaarteg Manéier dekoréieren.

Jidderee bréngt säi perséinlechen Touch, a féier Hänn gestalten hiert eegent Spill. D’Spillbriet ass an enger Tut, déi ee mat heem kann huele fir dës spilleresch a nohalteg Aktivitéit, an déi gemeinsam Momenter kënne weider zesumme genéissen.

Fir Kanner ab 2 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wëssenschaft an Technik

Entdeck deng 5 Sënner – e risegt Gänsespill !

Taucht an eng grouss Versioun vum Gänsespill an, wou är 5 Sënner op d’Prouf gestallt ginn! D’Kanner zesumme mat hiren Eltere beweege sech iwwert d’Spillfeld a entdecken dobäi spannend sensoresch Aktivitéiten: fillen, schmaachen, richen, gesinn a lauschteren.

All Feld hält eng kleng Iwwerraschung bereet, fir zesummen ze entdecken, ze experimentéieren a Spaass ze hunn. Eng interaktiv Familljenaktivitéit, déi een net verpasse soll!

Fir Kanner ab 2 Joer

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

Gestalt deng eege magesch Magnéiter!

Gestalt däi  perséinleche Magnéit wéi e richtegen Designer! Wiel deng Faarwen, Formen a Motiver eraus, an huel däi Magnéit mat, fir däin Doheem ze dekoréieren. Eng kreativ a flott Aktivitéit, bei där s du däin Talent an deng Fantasie ausübe kanns!

Fir Kanner ab 2 Joer

4 workshops

10
Wäerter, Participatioun & Demokratie

Kannerbedeelegung léieren mam Kompetenzlabo

Glécksrad: Quiz iwwer Kannerrechter

Fir Kanner vun 8 bis 12

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Button Makers

Kreativ ginn a selwer Buttons gestalten.

Fir Kanner vu 4 bis 12

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Fortbeweegungsmëttel

Statioun mat der Fro: „Mat wéi engem Fortbewegungsmëttel géeifs du am Léifsten reesen?“, déi d’Kanner invitéiert hiert Fantasie-Transportmëttel ze molen + eng Tafel wou d’Kanner kënnen hier Biller ophänken.

Fir Kanner vu 4 bis 12

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Mini Trigonos

Konstruéier dir deng Welt mat Bauelementer

Fir Kanner vun 8 bis 12

5 workshops

11
Emotiounen a sozial Bezéiungen Sprooch, Kommunikatioun a Medien

Fort mat der Strëmp

Dës Aktivitéit weist op eng ganz fein Aart, wéi vill Kraaft an enger roueger, respektvoller a bewosster Pflegesituatioun stécht. An engem geschützte Raum kënne mir als Erwuessener zesumme mat de Kanner erliewen, wéi et ass, wann all Schrëtt ugekënnegt gëtt, Zäit gelooss gëtt an de Rhythmus vum Kand respektéiert gëtt. Sou kritt et Orientéierung a Sécherheet an dierf als richtege Partner matwierken.

D‘Beweegung gëtt verbal begleed, et gëtt op d'Reaktioun vum Kand geward a eréischt duerno de nächste Schrëtt gemach. Genee dat erliewe d’Participanten am “Strëmp-Experiment”: roueg Gesten, bewosst Handlungen an e Miteenaner, dat d’Kand aktiv mat abezitt. Hei geet et net nëmmen ëm Pfleeg – et geet ëm Relatioun. Eng flott Geleeënheet fir ze spieren, wéi vill Déift esou kleng Momenter kënne kréien. Wëlls du dat mat erliewen?

Fir Kanner vu 0 bis 4

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Wëssenschaft an Technik

Wibbeleg kleng Entdecker

Am Fräispill erwaart d’Kand e Raum, deen et net nëmme fir ze sortéieren, ze experimentéieren an ze entdecken invitéiert, mee och vill Plaz fir Beweegung bitt. Oppe Materialie wéi Holzréng, Kierf oder kleng Holzscheiwen ginn gefëllt, geschott, gestapelt oder sortéiert – an dobäi mat alle Sënner entdeckt. Gläichzäiteg lueden Holz-Beweegungsgeräter wéi Kletterdräieck an Podester dozou an, ze klammen, ze krauchen, ze balanséieren an déi eege Geschécklechkeet auszeprobéieren. Sou verbënnt d’Kand natierlech dat fréi Fuerschen mat vill Bewegung.

Beim Sammelen, Vergläichen, Sortéieren, Bauen a Transportéieren entwéckelt et e Gefill fir Gréissten, Mengen an Distanzen.

Fir Kanner vu 0 bis 4

Wëssenschaft an Technik

Transitiounen duerchgoen

Et gëlt genee hinzekucken: Wéi vill Transitioune ginn et eigentlech – vum Opstoen iwwer d’Wiessel vu Raim bis hin zu bis hin zu den klengsten Ënnerbriechungen am Spill - a wéi kënne mir an dësen Momenter fir d’Kanner wierklech do sinn?

An dëser Aktivitéit begleede mir d’Kand duerch verschidde Situatiounen, déi visuell duergestallt sinn: d’Erwuessener ginn un, wou d’Kand elo „hi geet“, et gëtt sech dohin beweegt, wat ugekënnegt a verbal begleed gëtt. Sou spiere Grouss a Kleng, wéi vill Orientéierung a Sécherheet et gëtt, wann een net eleng duerch eng nei Situatioun muss, mee eng Hand un der Säit huet, déi mat duerch all Passage féiert. Et weist, datt esou Wiesselmomenter net kleng Saache sinn – et si Brécken, déi dem Kand hëllefen, gutt an déi nächst Situatioun eriwwerzekommen.

Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Wäerter, Participatioun & Demokratie

Inklusioun fir unzepaken

Inklusioun fir Unzepaken ass eng flott an léierräich Aktivitéit fir Kleng an Grouss, bei där spilleresch entdeckt gëtt, wéi ënnerschiddlech d’Mënschen d’Welt wouerhuelen. Geleed duerch Mini-Statiounen gëtt probéiert mat verbonnenen Aen Objeten z’ertaschten, Geräischer ze erkennen oder mat enger klenger „Aschränkung“ ze bauen oder ze schreiwen. Dës kleng Erausfuerderunge maachen séier kloer: mat de richtege klengen Upassunge ka wierklech jidderee matmaachen! Fir den klengen „Aha-Moment“ ass och gesuergt; hei gëtt kloer, wat Inklusioun wierklech heescht: dass net alleguer dat selwecht maachen - mee dass alleguer dobäi kënnen sinn.

Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Wäerter, Participatioun & Demokratie

Diversitéit verbildlechen

D’Kanner entdecken op eng kreativ Aart, wat Diversitéit bedeit. Jidderee kritt d’Méiglechkeet, sech selwer ze vereiwegen – genee esou, wéi en sech selwer gesäit: mat senge Faarwen, senge Formen, senge Besonderheeten. Et geet net drëms, „richteg“ ze molen, mee sech selwer ze weisen, mat allem, wat een ausmécht. No an no entsteet een grousst Bild voller individueller Gesiichter – all eenzegaarteg, all anescht, all wichteg. Dat weist, wéi villfälteg a lieweg d‘Gruppen an den non-formalen Ariichtungen sinn an d’Diversitéit och all Dag gelieft a gestäerkt gëtt, well: Ënnerscheeder sinn genau dat, wat eis zesumme staark mécht.

Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer

1 workshop

12
Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

„Wuessfiguren“ gestalten

Kanner kréie Käerzen déi brennen, a loossen de Wues an eng Form drëpsen déi an enger Schossel mat kaalem Waasser läit. De Wues gëtt am kale Waasser haart an zum Schluss entsteet eng Figur. D’ Kanner kennen hei Käerze mat verschiddene Faarwe benotzen a ginn dobäi hirem Projet eng zousätzlech kreativ, individuell Faarfgestaltung

D’Ziler sinn : 
-       Selbstänneg experimentéieren an entdecken
-       Seng eege Kreativitéit ausdrécken 
-       Responsabel mat « geféierlechen » Materialie wéi Feier a Wuess ëmgoen
-       Säi Selbstvertrauen am kreative Prozess stäerken
- D'Feinmotorik a Hand-Ae-Koordinatioun verbesseren

3 workshops

13
Wëssenschaft an Technik

De Labo vu P'tits Bouchons – Experimentéieren an natierlech Faarwen selwer maachen

D’Kanner ginn zu klenge Wëssenschaftler! Mat Pipetten, Glieser a natierleche Materialien experimentéieren, mëschen an observéieren si. Sand, Blummen, Pigmenter a Waasser verwandelen sech an iwwerraschend Kreatiounen.

Eng spilleresch Plaz fir ze testen, z’entdecken an d’wëssenschaftlech Virwëtz ze erwächen.

Fir Kanner vu 0 bis 12

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Nature room

An dësem artistesche Raum molen d’Kanner fräi op grouss Leinwänn mat natierleche Materialien. Äerd, Sand, Kaffi, Blummen oder Blieder ginn zu kreative Wierkzeugen.

Eng eenzegaarteg sensoresch Erfarung fir Faarwen an Texturen z’entdecken an der Fantasie fräie Laf ze loossen.

Fir Kanner vu 0 bis 12

Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Face painting

E Schminkatelier, wou d’Kanner sech no hire Wënsch verwandele kënnen! Déieren, Blummen, Superhelden oder fantasievoll Kreatiounen entstinn mat Hautfrëndleche Faarwen.

E spilleresche Moment, bei deem all Kand mat enger eenzegaarteger Erënnerung aus dem Labo Vert heem geet.

Fir Kanner vu 0 bis 12

1 workshop

14
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Erkenn dech selwer am Spill

Op wat fir Iddie kënns du, wann s de Zäit hues, eng spannend Plaz a Frënn, déi Loscht hunn matzespillen?

De CAPEL mécht wärend dem Festival de l’enfance e Spill- a Fräiraum op, an deem d’Ausernanersetzung mat sech selwer an d’Treffe mat aneren am fräie Spill méiglech gëtt. De Visiteur vum Spillberäich kritt eng uspriechend Offer u Material zur Verfügung gestallt, an domat entsteet e magesche Raum, an deem Spill, Austausch an e Flow-Erliefnis (komplett Andauchen an eng Aktivitéit, begleet vun intensiver Konzentratioun, Selbstvergiessenheet a grousser Freed) méiglech ginn.

Fir Kanner ab 5 Joer

2 workshops

15
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

Entwécklungsräim fir Kanner vun 0 bis 2

Hei geet et drëms ee Kidscare-Raum fir Kanner am Alter vun 0 bis 2 Joer nozebauen, fir d'Léierberäicher ronderëm sechs Handlungsfelder ze weisen.

Fir Kanner vu 0 bis 2 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wäerter, Participatioun & Demokratie Wëssenschaft an Technik

Entwécklungsräim fir Kanner vun 2 bis 4

Hei geet et drëms ee Kidscare-Raum fir Kanner am Alter vun 2 bis 4 Joer nozebauen, fir d'Léierberäicher ronderëm sechs Handlungsfelder ze weisen.

Fir Kanner vu 2 bis 4 Joer

1 workshop

16
Wëssenschaft an Technik

Weess de schonn

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

De Stand “Weess de schonn” bitt Ärem Kand d’Méiglechkeet dräi wëssenschaftlech Aktivitéiten ze entdecken: d'Saier duerch en Experiment mat Kabes verstoen, eng Rakéit bauen oder e “mënschleche Roboter” op engem flotten Hindernis-Parcours programméieren. Testen, ausprobéieren, experimentéiere ginn hei zu enger schéiner Geleeënheet zesummen eppes Neits ze entdecken – an dat mat der Ënnerstëtzung vun de Partner vum Pilotprojet an dem Luxembourg Science Centre.

Vu 4 bis 12 Joer

2 workshops

17
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Beweegungsspiller

Beweegungslandschaften fërderen op eng ganz eenheetlech Aart a Weis d’kierperlech, kognitiv a sozial Entwécklung vun de Kanner. Duerch Aktivitéite wéi klammen, schaukelen a rutsche stäerken si hir motoresch Kompetenzen, hiert Selbstvertraue souwéi d’Perceptioun vun hirem Kierper.

Beweegungslandschaften fërderen d’Autonomie, d’Kreativitéit an hëllefen de Kanner, Ängschten ofzebauen. Si bidde villfälteg Beweegungserfarungen, vermëttele Freed un der Aktivitéit an droen dozou bäi, Stress ze reduzéieren.

D’Beweegungslandschaften sinn Abenteuerspillraim wou d’Kanner hiren natierleche Beweegungsdrang erfëllen a bidden hinnen e Raum, fir sech fräi ze entwéckelen an nei Erfarungen ze maachen.

Ziler vu Beweegungslandschaften:
D’Freed an de Spaass un der Beweegung am Fräien an an der Natur entdecken an ausbauen
Sech de positive Wierkunge vun der kierperlecher Aktivitéit bewosst ginn
D’Selbstwäertgefill an de Courage stäerken
Aner Kanner kenneléieren, Frëndschaften opbauen a sozial Bezéiunge fleegen
Sozial Kontakter tëscht de Kanner fërderen an aktiv begleeden
Sech bewosst ginn datt eng sportlech Gruppenaktivitéit verbënnt an d’géigesäiteg Ënnerstëtzung stäerkt
Dat allgemengt Wuelbefannen nohalteg fërderen

Fir Kanner vun 0 bis 12

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen Kreativitéit, Konscht & Ästheetik

Sport- a Beweegungsspiller

Sport- a Beweegungsspiller si wichteg fir déi ganzheetlech Entwécklung an d’Gesondheet vun de Kanner. Si fërderen net nëmmen d’kierperlech Fitness, mee och sozial, kognitiv an emotional Kompetenzen. Beweegungsspiller entspriechen dem natierleche Beweegungsdrang vun de Kanner, stimuléieren d’Perceptioun, verbesseren d’Kierperbewosstsinn a stäerken d’Motorik.

Si bidden och d’Méiglechkeet, individuell Stäerkten ze fërderen an inklusiv Offeren ze schafen, bei deenen all Kand no senge Fäegkeete matmaache kann. Zesummegefaasst droe Sport- a Beweegungsspiller dozou bäi, e gesond, ausgeglachent a soziaalt Liewen ze ënnerstëtzen.

Ziler vu Sport- a Beweegungsspiller:
D’Freed an de Spaass un der Beweegung am Fräien an an derNatur entdecken a genéissen
Sech de positive Wierkunge vun der kierperlecher Aktivitéit bewosst ginn
D’Selbstwäertgefill an de Courage stäerken
Aner Kanner kenneléieren, Frëndschaften opbauen a sozial Bezéiunge fleegen
Sozial Kontakter tëscht de Kanner fërderen an aktiv begleeden
Sech bewosst ginn datt eng sportlech Gruppenaktivitéit d’Kanner verbënnt an d’géigesäiteg Ënnerstëtzung stäerkt
D’Wuelbefanne steigeren

Fir Kanner vun 0 bis 12

2 workshops

19
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Wëssenschaft an Technik

Escape Game: „Rett de Rothirsch an d'Feldhong“ – En Abenteuer fir d’ganz Famill!

An dësem Escape Game tauchen d'Kanner (8-12 Joer) zesumme mat hiren Elteren an d’faszinéierend Welt vum Rothirsch a vum Feldhong an. Béid Déieren si vum Ausstierwe bedrot, a goufen als „Déier vum Joer“ respektiv „Vull vum Joer“ ernannt. D'Famille mussen zesumme kniwweleg Rätsele léisen a spannend Aufgabe meeschteren, fir dës Déieren ze retten an hire Liewensraum ze schützen.E spannend Abenteuer, an dem Dir méi iwwer dës bedrote Spezies léiert an Iech fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt asetzt!

Fir Kanner vun 8 bis 12

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet

Déieresche Beweegungsparcours

Op eisem Beweegungsparcours kënne d'Kanner Koordinatioun, Schnellegkeet a Geschécklechkeetop spilleresch Manéier entdecken – wéi de staarke Rothirsch an dat flénkt Feldhong . D’Statioune vermëttele Spaass un der Beweegung, Neies auszeprobéierenan sech auszetoben a bidden e spillerescht Abenteuer firKanner vun 3 bis 12 Joer.

Fir Kanner vun 3 bis 12

1 workshop

20
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet

Zesummen aktiv

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

De Stand "Zesummen aktiv" invitéiert Iech , zesumme mat Ärem Kand un zwee Challenge ronderëm Geschécklechkeet a Beweegung deelzehuelen. Dës dynamesch Aktivitéite bidden d'Méiglechkeet, sech ze beweegen, seng Grenzen erauszefuerderen an en aktiven a flotte Moment als Famill ze erliewen.

Fir Kanner vu 4 bis 12

1 workshop

21
Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Sprooch, Kommunikatioun a Medien Wëssenschaft an Technik

Naturfestival: 7 Statiounen, 1 Aventure

De Service Foyers scolaires hëlt iech mat op eng spannend Rees, wou d’Natur zum Ausdrocksraum an zu enger Quell vu Sensibiliséierung gëtt. All Schrëtt ass eng nei Entdeckung, all Statioun en Erliefnis an eng Erausfuerderung!

Spiller, Spaass an Natur wäerten iech begleeden!

Fir Kanner bis 12 Joer

3 workshops

22
Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen

Sensoresche Buerféiss-Parcours

Dës Aktivitéit fërdert déi de Kanner hir motoresch a sensoresch Entwécklung.

D’Kanner, begleet vun hiren Elteren, entdecke verschidden natierlech Materialie wéi Sand, Kiselsteng, Holz, Blieder oder Stréi … wat d’Propriozeptioun, d’Gläichgewiicht an d’Koordinatioun ënnerstëtzt.

Dës spilleresch Aktivitéit stäerkt d’Bezéiung tëscht Elteren a Kanner, fërdert d’Autonomie, de Virwëtz an d’Wouerhuelen vu Sensatiounen an engem séchere Kader.

Ab 3 Méint bis 12 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Wëssenschaft an Technik

Een Eck fir den Taaschtsënn 

Dësen Atelier fir sensoresch Bewosstsinn invitéiert Kanner (vun 3 Méint bis 12 Joer), d’Natur iwwer den Taaschtsënn ze entdecken.

Op enger Holzstruktur fannen d'Kanner 12 Këschten an deenen natierlech Elementer (Moos, Muschelen, Dännenzappen …) mat verschiddenen Texturen verstoppt sinn.

D’Zil ass d’stereognosesch Erkennung, d’feinmotoresch Fäegkeeten an de sensoresche Vokabulär ze entwéckelen. No e puer fräi Erfuerschunge dréit d'Kand e Rad, fir sech eng Erausfuerderung ze stellen: e bestëmmten Objet ouni ze kucken erëmzefannen. Eng flott Aktivitéit, déi d'Konzentratioun a d’ Virwëtz fërdert.

Fir Kanner vun 3 bis 12 Joer

Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet Emotiounen a sozial Bezéiungen

Wéi richt d'Natur

E klengt sensorescht a witzegt Spill, fir e flotte Moment zesumme mat der Famill ze deelen. Elteren a Kanner entdecke verschidden Tute mat natierleche Gerécher: Lavendel, Peffermënz, Thymian, Orangëschuelen … Et gëtt geroch, d’Biller gi studéiert, an et gëtt probéiert erauszefannen, wéi ee Geroch sech an der Tut verstoppt.

Een einfachen a spilleresche Moment, fir d’Sënner ze erwächen, d’ Virwëtz ze fërderen an zesummen e schéine Moment ze genéissen wou ee versicht erauszefanne wéi d'Natur richt.

Fir Kanner vun 3 bis 12 Joer

1 workshop

23
Kreativitéit, Konscht & Ästheetik Wëssenschaft an Technik

Loscht op Handwierk

Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.

De Stand “Loscht op Handwierk” bitt eng immersiv Aféierung an d’Handwierker vun der Pâtisserie an der Schräinerei. Duerch Spiller mat alle Sënner entdeckt Äert Kand d’Zutaten déi an d’Brout gehéieren. Dono kann et sech am Holz-Handwierk ausprobéieren: schläifen, kleng Challenge meeschteren an e Géigestand fir mat heem hierstellen. Eng flott Manéier, d'Sënner an d'Kreativitéit duerch praktesch Erfarungen ze stimuléieren.

Vu 4 bis 12 Joer