13. a 14. Mee 2023
zu Neimënster
den 4. a 5. Mee zu Neimënster
Kannerfestival, den 4. a 5. Mee, vun 10 bis 18 Auer
A 55 Ateliere kënnt Dir mat Äre Kanner spillen, kreéieren, entdecken, fuerschen an Iech esou op eng lëschteg Aart a Weis mat den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung vertraut maachen, déi an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren, d'Dageselteren an Minicrèchë applizéiert ginn.
Stänn & Workshops
1 workshop
- Bastler
- Dreemer
- Entdecker
- Erfinder
- Kënschtler
- Kreativer
- Lieser
- Virwëlzeger
Raum fir eegestännegt Spillen
Wéi geet Äert Kand mat der Welt ronderëm sech ëm? Firwat spillt et? Firwat ass Spillen esou wichteg fir et? A mir, déi Erwuessen, Elteren, Professionell, wéi gi mir vum Kand gesinn? Wéi kann een eng gesond Entwécklung vum Kand iwwer Spiller fërderen? Mir invitéieren Iech, matzen am Agora-Haff vun der Abtei Neimënster déi Welt voller Begeeschterung vun de Kanner op eisem interaktive Spillstand entdecken, erfuerschen, deelen a mat neien Ae kucken ze kommen.
1 workshop
Animatioune fir Kanner an Entdecke vun dëser Form vu professioneller Betreiung
Entdeckt op dësem Stand d’Betreiungsoffer vun den Dagesmammen. Dës Form vu professioneller Betreiung fir Kanner vun 0 bis 12 Joer zeechent sech besonnesch duerch hiert familiäert Ëmfeld aus. De ganze Weekend iwwer wiessele sech verschidden Dagesmammen of, fir Iech hiren Alldag mat de Kanner esou gutt wéi méiglech nozebréngen. Et sinn och kleng Animatioune fir d’Kanner geplangt.
5 workshops
- Bastler
- Entdecker
- Erfinder
- Kannerrechter
- Kënschtler
- Kreativer
- Naturfrënn
- Sportler
Samschdeg 10:00 – 14:00 Auer : Sport erliewen
An dësem Workshop hutt Dir d’Méiglechkeet, iwwer verschidde Forme vu Spiller ronderëm den Trendsport Slackline Äert Gläichgewiicht ze testen. D’Kanner léiere kuerz d’Technike vun dësem alternative Sport kennen a kënnen en dann iwwer verschidden Übungen a Spiller selwer ausprobéieren. Bei dësem Workshop stinn d’Gläichgewiicht, d’Koordinatioun an d’Konzentratioun am Mëttelpunkt. D’Kanner kënnen zesumme mat hiren Eltere verschidde Variante vum Slackline testen an entdecken.
Samschdeg 14:00 – 18:00 Auer: Kreativitéit erliewen
Mat Hëllef vu Robotere seng éischt Schrëtt an der Welt vun der Programmatioun a vum Computerdenke maachen.
An dësem Workshop leeden d’Kanner d’Dash-Roboteren duerch e Labyrinth a féiere se an d’Fräiheet.
Ufänger: Léiert d’Grondlage vum Bitzen a vun der Broderie, andeem Dir e Motiv aus Feuter fir Äre Porte-clé hierstellt.
Avancéiert: Dir fabrizéiert e klengt Monster, dat am Däischtere blénkt an dat Dir un Ärem Porte-clé befestege kënnt. Dir léiert och bitzen an LEDe benotzen.
Sonndeg 10:00 – 14:00 Auer : Medien erliewen
An dësem Workshop léiert Dir de Prinzip vun der Stop-Motion-Animatioun unhand vun zwou verschiddenen Technike kennen.
Sonndeg 10:00 – 18:00 Auer: Natur erliewen
Mat der Ekipp „Natur erliewen“ entdecke Kanner a Jugendlecher a Gruppen déi faszinant Schéinheet vun der Natur, fir se besser ze verstoen an e bessert Gefill fir hir Ëmwelt ze kréien. An eisem Workshop kënnen d’Kanner hir Kreativitéit ausdrécken an hir eege kleng Welt mat verschiddenen Naturmaterialie bauen.
Sonndeg 14:00 – 18:00 Auer: D’Rechter vum Kand erliewen
An dësem Workshop entdeckt Dir d’Rechter vum Kand unhand vu spillereschen Instrumenter, wéi dem „Domino vun de Kannerrechter“. Op all Domino-Steen ass e Bild, dat muss nieft dat Kannerrecht geluecht ginn, op dat et sech bezitt. Dir kënnt eleng, an enger Ekipp oder och géint e Géigner spillen.
5 workshops
- Dreemer
- Kënschtler
- Kreativer
- Lieser
- Virwëlzeger
Samschdeg a Sonndeg 10:00 - 11:00 Auer : Olga Reiff « Bim & Anna »
Publikum: Kanner vun 2 bis 4 Joer
Virliese vum Buch op Lëtzebuergesch, Workshop op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Russesch, Slowakesch an Italieenesch.
Zeechen-/Molworkshop ronderëm d’Theema vun der Geschicht: de Bësch, d’Déieren oder d’Gefiller vum klenge Bim wärend sengem Abenteuer.
Beschreiwung: De klenge Bim mécht an der Crèche seng éischt Erfarunge fir „grouss ze ginn“. Et ass net ëmmer einfach, well hie muss nach vill léieren! Natierlech kann de Bim scho villes selwer maachen, en ass jo schonn e grousse Jong. A wann een him hëllefe wëll, esouguer wann et seng bescht Frëndin Anna ass, da gëtt e rosen! Wéi verbréngt de Bim e schéinen Dag mat senge Frënn? Dat erzielt eis d’Olga Reiff an hirem Buch „Bim & Anna“.
Samschdeg a Sonndeg 11:00 – 12:00 Auer : Andy Genen – Illustrateur
Publikum: Kanner vun 8 bis 12 Joer
Zwou Seancen vun respektiv 30 Minutes.
Workshop op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch. D’Zuel vun de Plazen ass op 15 Kanner limitéiert pro Seance.
Kreatioun vun enger Figur, déi d’Wuelsinn an d’Onwuelsinn duerstellt.
D’Kanner léieren, selwer eng Figur ze kreéieren a se vu vir a vum Profil ze zeechnen.
Samschdeg a Sonndeg 13:00 - 14:00 Auer: Thimothy Jenon – Illustrateur
Publikum: Kanner vu 6 bis 12 Joer
Workshop op Franséisch
Selwer eng Geschicht illustréieren
Samschdeg a Sonndeg 14:00 - 14:45 Auer: Roland Meyer – Auteur
Publikum: Kanner vu 6 bis 11 Joer
Workshop op Lëtzebuergesch
„De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru“
„De klengen Här Bellibimbam souz bei sech doheem an e war immens zefridde mat sech a grad esou zefridde mat der Welt. An dunn huet et un der Dier geklappt.
Dobausse stoung de groussen Här Lugaru, ma de klengen, couragéierten Här Bellibimbam léisst hien eran an zerwéiert him all Méigleches z’iessen an ze drénken a léisst en iwwert d’Nuecht bei sech raschten.
Den Dag drop gi mir gewuer, dass vill Leit am Duerf Angscht virum Här Lugaru hunn, an den Här Bellibimbam versteet net, firwat.
Den Här Lugaru, duerch seng Stäerkt an Hëllefsbereetschaft, ka lues a lues d’Vertraue vun den Duerfleit gewannen, ma nach laang net vun allen …
Ob den Här Lugaru sech dann elo awer erëm muss op de Wee maachen?“
Samschdeg a Sonndeg 15:00 - 17:00 Auer: Il était une fois
Publikum: Kanner vun 0 bis 8 Joer
Il était une fois... asbl ass eng méisproocheg Bibliothéik fir Kanner vun 0 bis 8 Joer (6.154 Bicher a 34 Sproochen). Si gouf 2004 mam Zil gegrënnt, en inklusiven a multikulturellen Austausch mat hiren Zilgruppen (Crèchen, Foyeren a Schoulen) ze fërderen.
Il était une fois: cf. Beschreiwung Nr. 5 um Plang
Workshop Geschichten
Geschichten, déi mat „Tapistoires“ (Teppechgeschichten) op Lëtzebuergesch, Franséisch, Italieenesch, Portugisesch a Spuenesch erzielt ginn.
5 workshops
- Bastler
- Dreemer
- Entdecker
- Kënschtler
- Kreativer
- Virwëlzeger
D’Welt vum Spill: Holzschräinerei a -spiller
De Centre d’animation pédagogique et de loisirs (CAPEL) gëtt Iech en Abléck an d’Manéier, wéi een eng Spill- an Erliefneswelt nom Modell „Aktioun Bambësch“* schafe kann. Iwwert en Theema, eng Geschicht, Spiller a Bastelateliere kréien d’Kanner Zougang zu verschiddene Welten, kënne mat anere Kanner interagéieren a Frëndschafte schléissen. Wärend dem Kannerfestival an der Abtei Neimënster gi verschidden Aktivitéits- an Entspanungsberäicher ugebueden.
* D’„Aktioun Bambësch“, déi dëst Joer hire 50. Anniversaire feiert, gëtt dräimol d’Joer organiséiert a riicht sech u Kanner aus den Zyklen 1.2 bis 4.2, déi an der Stad Lëtzebuerg wunnen. Wärend de Schoulvakanze ginn nomëttes vun der Stad Lëtzebuerg gratis Fräizäitaktivitéiten ugebueden.
Schräinerei-Workshop
Schräinerei-Workshop mat Seeën, Buermaschinnen, Schnëtzmesseren, Neel an Hummeren. Dir kënnt aus Holzreschter verschidde Géigestänn kreéieren, Schaffgeschier entdecken a léieren, domat ëmzegoen.
Et gi keng Modeller virgeschriwwen, hei geet et drëm, „eppes mat sengen eegenen Hänn ze schafen“, andeem Dir d’Holz benotzt an et ganz no Äre Virstellunge gestalt. D’Iddi ass, „eppes Schéines fir Iech selwer oder fir anerer ze schafen“ a selwer ze decidéieren, wéi Dir d’Holz verschaffe wëllt („Auto-Efficacitéit beim Verschaffe vum Holz“).
Workshop „Freed u Faarwen“
D’Holzstécker kënne bemoolt an dann op Pallette befestegt ginn. Zesumme bilden dës Stécker e schéint faarwegt Wierk, dat am ganze Spillberäich bewonnert ka ginn. Wat léiert een dobäi? „Ëmgang mat Faarf, Pinsel a Waasser“, „Andauchen an eng sensoriell Aktivitéit“, „seng Aarbecht mat deem fäerdege Wierk a Verbindung bréngen“.
D’Welt vun den Holzspillsaachen
Hei kënne virfabrizéiert Stécker Holz (Këschten, Rulloen, Staangen, Brieder, Bléck) fir ze bauen a fir ze spille benotzt ginn. A vläicht fannen hei och Géigestänn, déi am Holzworkshop hiergestallt goufen, hir Plaz. „Eng Welt erschafen“, der Schwéierkraaft an dem Gläichgewiicht beim Baue Rechnung droen. Beim Spillen an eng imaginär Welt andauchen.
Entspanungsberäich
An dësem Beräich nieft de Workshoppe kënne Kanner, déi eng kleng Paus brauchen, raschten, sech mat aneren austauschen, nokucken a beobachten oder einfach nëmmen näischt maachen.
Bibliobus
E gemittleche Beräich, wou ee Bicher fir déi ganz Kleng entdecke kann. Fir d’Kanner an hir Eltere gëtt e grousse Choix u Bicher zu verschiddenen Theemen, a ville Sproochen a mat ënnerschiddlechen Texturen ugebueden.
3 workshops
- Bastler
- Entdecker
- Kënschtler
- Kreativer
- Lieser
- Virwëlzeger
Schreif-Workshop: D’Schreiwe vu gëschter, haut a muer
Kalligrafie, Schreifmaschinn, Computer, Tablet oder och nach Schreifroboter, all dat si verschidde Méiglechkeeten, fir dat selwecht ze maachen: e Wuert, e Saz oder esouguer en Text schreiwen. Et gi vill verschidde Methoden, déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn, fir dat selwecht Zil ze erreechen. An eisem Schreif-Workshop kënnen d’Kanner an hir Elteren d’Entwécklung vum Schreiwen am Laf vun de leschte Joerhonnerten noverfollegen.
Strécken, bitzen, heekelen
Et gi verschidde Manéieren, fir ze strécken a fir ze bitzen. Zum Beispill mat enger Bitzmaschinn, mat klenge Stréckeise fir e réngt Muster, mat décke Streckeise fir méi e grafft Muster, et kann een esouguer ouni Stréckeisen nëmme mat den Hänn strécken. Och beim Material, fir ze strécken oder ze bitzen, gëtt et eng grouss Auswiel: Kotteng, réng Woll, déck Sträng oder Paracord. D’Kanner an d’Eltere kënnen op der Plaz verschidde Methode kenne léieren, fir ze bitzen, ze strécken, ze heekelen oder zum Beispill e Bracelet ze flechten.
D’Magie vum Liicht
An dësem Workshop ginn d’Saachen an d’Géigestänn an engem neie Liicht presentéiert. Op eise beliichten Dëscher luede mir Iech an, d’Saache fräi ze entdecken an ze erfuerschen. Et ass éischter ongewéinlech, datt en Dësch eng beliichten Iwwerfläch huet. Mee mat guddem Material, wéi zum Beispill Glaspärelen oder faarwegem Pabeier, ass et méiglech, de ganze Spektrum vun de Faarwen ze erfuerschen. Am Zesummespill mat Sand kann een op deem beliichten Dësch esouguer molen. Et kann ee Stonnen domat verbréngen, erauszefannen, wéi d’Luucht duerch déi verschidde Géigestänn fält a wat geschitt, wann ee se matenee kombinéiert. Et gëtt kee richtegen oder falsche Choix. Mat eisem Virwëlz kënne mir d’Saachen an engem ganz anere Liicht entdecken.
Spillmobil
De Spillmobil erlaabt et Kanner, nei Spiller ze entdecken. Si kënne Seel sprangen, mam Ball spillen, kreativ si beim Molen oder Bastelen a Gesellschaftsspiller entdecken.
1 workshop
- Kannerrechter
- Virwëlzeger
Theater-Workshop Kamishibaï
Erziel-Workshop mat uschléissenden Diskussioune mat de Kanner an hiren Elteren. De Workshop gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch a vläicht och op Englesch ugebueden.
Robot LEGO®
All Stonn, Dauer vum Workshop: 45 Minutten
D’Kanner bauen a programméieren e LEGO®-Roboter.
Kach-Workshop
Mir bake lecker Eisekuche mat de Kanner.
Spiller a Workshoppe ronderëm d’Theema Beweegung
Spiller a Workshoppe ronderëm d’Theema Beweegung
2 workshops
- Entdecker
- Kannerrechter
- Virwëlzeger
Sensory box
Mir proposéieren en Entdeckungsparcours an engem zouene Raum, fir eis Sënner op eng aner Manéier ze erfaassen. D’Kanner hunn entweeder d’Ae verbonnen oder droen e Simulatiounsbrëll, fir dëse Parcours voller Iwwerraschungen ze erfuerschen a festzestellen, datt mir eis eise Sënner net ëmmer voll bewosst sinn.
Entdeckungsparcours
Workshoppe mat engem Simulatiounsbrëll, mat deenen d’Kanner an d’Erwuessener hir kinästhetesch Perceptioun teste kënnen. Mir weisen hinnen och, datt Kanner, déi schlecht gesinn oder blann sinn, och u Spiller a Sport deelhuele kënnen.
Eltereforum Photobooth
D’Elteren an hir Kanner kënne sech zesumme fotograféiere loossen. D’Foto gëtt op der Plaz erausgedréckt.
2 workshops
- Dreemer
- Entdecker
- Erfinder
- Kreativer
- Naturfrënn
- Virwëlzeger
D’Natur mat eise Sënner erliewen an entdecken
Vun a mat der Natur léieren. An eisem Workshop kënnen d’Kanner an hir Elteren d’Welt vum Buedem mat all deem Gudden, wat en ervirbréngt, entdecken. Richen, fillen, upaken, léiere, wéi ee Som planzt, Gaardegeräter benotzen, Planze fleegen ... D’Kanner wäerte vill Neies entdecken!
Si kréie Som a Buedem zur Verfügung gestallt an all Kand kann eppes an e personaliséiert Dëppe planzen.
Eist soziaalt Ëmfeld, eng Quell vun Emotiounen an Andréck
Sozial Bezéiungen an Emotioune gehéieren zum Alldag vun alle Mënschen. Mat Hëllef vun engem Universum aus symbolesche Spiller, verschiddene Materialer a Géigestänn kënnen d’Kanner an hir Elteren Zeenen aus dem dagdeegleche Liewen nospillen oder hir eege Geschicht erfannen. Dobäi baue si Bezéiungen zu deenen aneren op a léieren, mat hire Gefiller ëmzegoen an déi vun deenen aneren ze entdecken.
Snoezelen-Workshop: En Iglu fir d’Sënner
„Ech entspane mech a staunen.“ En Entspanungsberäich, an deem d’Kand all seng Sënner entwéckele kann. Luucht, Geräischer, Texturen ... an all d’Material, dat ee fir e Moment vu richteger Entspanung brauch!
Skulptur-Workshop
„Ech entwéckele meng Kreativitéit a stäerke mäi Selbstvertrauen.“ Fräie Skulptur-Workshop, an deem d’Kand säi Konschtwierk kreéieren an och mat heem huele kann.
Workshop, fir Kraider ze planzen an ze entdecken
„Ech respektéieren d’Natur a profitéiere vun hiren nëtzleche Virdeeler.“ Entdeckung vu Kraider an Zesummestelle vun engem Herbarium, fir mat heem ze huelen!
Kach-Workshop – Müslirigel an Uebstjus
„Ech tanken Energie mat frëschen, lokale Produiten.“ D’Kanner stelle selwer hire Müslirigel an hire speziellen „Immunitéits“-Uebstjus hier.
Eko-Baumeeschter vu muer
D’Kanner kënne mat der Hëllef vun hiren Elteren aus Recup-Material vergänglech Bauwierker ganz no hirem Goût schafen. Si kréien eng Foto vun hirem Konschtwierk geschenkt, fir dëse Moment an der Famill festzehalen.
Geschichten am Aktiv’Bus
Virliese vu Geschichten a verschiddene Sproochen zum Theema Natur an ekologesch Verantwortung fir Famillen
2 workshops
- Dreemer
- Entdecker
- Sportler
- Virwëlzeger
Psychomotoresche Parcours N’airgym
N’airgym huet als Zil, déi sensomotoresch Entwécklung vun de Kanner, déi mir betreien, ze fërderen an ze stäerken. Mir baséieren eis pedagogesch Aktiounen op Aktivitéiten, déi et de Kanner erlaben, hir motoresch, kognitiv a sozial Fäegkeeten, déi fir hir Entwécklung grondleeënd sinn, ze verbesseren.
D’Kanner entdecken hei hire Kierper, d’Gläichgewiicht an d’Koordinatioun vun de Beweegungen.
E Snoezelen-Beräich fir all eis Sënner
Et geet drëm, e multisensoreschen Entdeckungsberäich an der frëscher Loft fir Kanner ze schafen: e Snoezelen-Beräich am Fräien! De Kanner an hiren Eltere sti verschidde Materialer zur Verfügung, fir hir fënnef Sënner ze stimuléieren: Stëfter fir unzepaken, visuell an auditiv Stimulatioun (Wandspiller), Gerochskëscht asw.
5 workshops
- Entdecker
- Kënschtler
- Kreativer
- Museker
- Virwëlzeger
10:30 Auer – Collage-Workshop
E Collage bedeit, Iddien a Supporte matenee kombinéieren, associéieren, zortéieren, géintiwwerstellen. Mat dëser spillerescher Technik ka jiddwereen op Entdeckungsrees goen a sech fräi ausdrécken.
Esou hunn d’Participanten zum Beispill d’Méiglechkeet, en Nuancier hierzestellen, „Graphien“ iwwer d’Schreiwen oder d’Ausfëlle vu Formen ze realiséieren oder kleng Stécker Pabeier niefteneen opzepechen (Mosaik).
12:00 Auer – Spektakel mat musikalescher Begleedung
Der Abenteuerin Maud hir Rees. Begleet d’Maud a senger Fluchmaschinn op der Sich no engem onvirstellbare Schatz: dem Gléck.
14:00 Auer – Interaktive Spektakel
Eng Rees no bannen: Kommt, mir maachen eis zesummen op d’Sich no Äntwerten op eis Froen. Wärend dësem interaktive Spektakel kënnen d’Kanner kënschtleresch Wierker produzéieren, déi dann an d’Theaterstéck mat agebaut ginn.
15:30 Auer – Spektakel mat musikalescher Begleedung
Der Abenteuerin Maud hir Rees. Begleet d’Maud a senger Fluchmaschinn op der Sich no engem onvirstellbare Schatz: dem Gléck.
16:30 Auer – Modelléieren
Erwuessener a Kanner kënnen „de Plastilinn zéien, zerquetschen, flaach drécken, knieden, zerschneiden, rullen“, fir duerch Spill a Spaass hir Muskelen ze trainéieren! Si kënnen och mat Hëllef vun der Kraztechnik oder dem Ofdrock vu Géigestänn „eng Fläch animéieren“.
De „Feier“-Workshop
Pompjeesspill: Flamen aus Pabeier mat Waasser läschen
2 workshops
- Entdecker
- Naturfrënn
- Virwëlzeger
Den „Äerd“-Workshop
Kommt an entdeckt Kéipercher Buedem mat klenge Lächer, fir ze kucken, ze richen an ze fillen, a planzt Somkären.
De „Waasser“-Workshop
Waasserspiller an Uleeë vun engem Waasserparcours
De „Loft“-Workshop
Seefeblosemolerei op Toile, eng Course vu Sprangspannen, Draache bauen. Besuch vun engem Zauberer.
3 workshops
- Bastler
- Entdecker
- Erfinder
- Kreativer
- Naturfrënn
- Virwëlzeger
Kreatioun vu klenge Leemfiguren
Dëse Workshop gëtt vun der Crèche vu Schous organiséiert.
D’Kanner kënnen zesumme mat hiren Eltere bannent enger limitéierter Zäit aus natierlechem Material kleng Leemfiguren hierstellen. Si kënnen dës Figuren duerno mat heem huelen.
Am Sand no engem Schatz sichen
Dëse Workshop gëtt vun der Crèche vu Reiland organiséiert.
D’Kanner huelen zesumme mat hiren Elteren un der Sich no engem Schatz deel. D’Schätz (Steng, kleng Figuren, Muschelen ...) sinn am Sand verstoppt. D’Kanner mussen da probéieren, d’Schätz mat Hëllef vun engem Sift erëmzefannen. Als Belounung kritt all Kand e schéine faarwege Steen.
Ëmgestaltung vum Bausseberäich
Organiséiert vum SEA Luerenzweiler
D’Eltere vun de Kanner vum Zyklus 1 (3 bis 5 Joer) kënnen de Bausseberäich ëmgestalten a selwer aktiv ginn.
Schaf deng eege Welt
Hues du dech schonn eng Kéier gefrot, wéi d’Welt géif ausgesinn, wann s du se selwer erschafe kéints? Wie géif op dëser Welt wunnen, a wat géif do geschéien? An eisem Workshop kanns du aus Materialer vun alle Gréissten deng eege Welt erfannen an de Kannermusée PLOMM ass do, fir denge Geschichten nozelauschteren.
Samschdes: Musek- a Filz-Workshop
Musek- a Filz-Workshop
Sonndes: Filzen a klengt Beispill vun engem oppene Léieratelier
Filzen a klengt Beispill vun engem oppene Léierateliert
De grénge Vëlo
Pedalléiert, mixt a genéisst mat de Smoothies Bikes.
1 workshop
Workshop “Inklusioun erliewen"
De Workshop "Inklusioun erliewen", gëtt vum Centre opérationnel du Service Foyers scolaires vun der Stad Lëtzebuerg ugebueden an huet als Zil, wärend dem Kannerfestival spilleresch an inklusiv Situatiounen ze kreéieren. Duerch Rollespiller, kuerz Animatiounen an den Austausch tëschent Familljen an dem Personal aus de Foyers scolaires sollen d'Familljen "d'Vilfalt” wouerhuelen an se kënne schätzen.
Des Wäertschätzung ass d'Grondlag fir den Erfolleg vun enger inklusiver Pedagogik, déi d'Individualitéit an d'Bedierfnesser vun allen Apprenanten unerkennt.
Sonndes den 14. Mee 2023 um 14 Auer : Opféierung HiHaHutte
Opféierung HiHaHutte
Numm vun der Trupp: De Stilte
Genre: Danz
Dauer vun der Opféierung: ongeféier 35 Minutten
Publikum: jiddwereen, vun 2 Joer un
De Stilte bitt fir Kleng a Grouss e wonnerbare Spektakel iwwer d’Zäit, déi vergeet, iwwer d’Joreszäiten an d’Natur. Matzen op enger bloer Wiss mat Scheewercherswolleke steet en Dësch ... oder éischter e Bett, e Bierg, eng Hütt, en Haus, eng Plaz, fir ze dreemen, ze danzen, ze kreéieren ... Mat der Liichtegkeet vun engem Päiperlek, dee mat senge Flilleke schléit, léisst eng Koppel mat hirem Danz Geschichten entstoen, déi sech an engem delikaten Universum am Laf vun der Zäit beweegen: Da, Sonn, Wand, Reen, Knëppelsteng ...