vum 5. bis den 12. Juni 2027
Non-formal Bildung erliewen : léieren, e Kannerspill!
Vum 5. bis den 12. Juni 2027 kënnen d’Elteren den Alldag vun hire Kanner an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen erliewen an un Atelieren zu verschiddenen Themen oder Porte-ouverten deelhuelen déi wärend der ganzer Woch an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren, Minicrèchen, an vun den Dageselteren organiséiert ginn.
Verschidden Aktivitéiten adresséieren sech un zukünfteg Elteren, fir datt si sech mat der Léieraart, wéi déi non formal Bildung se erméiglecht, kënne familiariséieren an esou gesinn, wéi hei d’Individualitéit vun all Kand berücksichtegt an zu senger globaler Entwécklung bäigedroe gëtt.