Skip to content

vum 4. bis 11. Mee 2024

AKTIVITÉITE FIR
STAARK KANNER

LÉIEREN – ENG SPILLERESCH AFFÄR! KOMMT AN ENTDECKT DÉI NON-FORMAL BILDUNG.

Wärend der Kannerwoch vum 4. bis den 11. Mee 2024 organiséiert de Secteur vun der non formaler Bildung (Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen, Dageselteren) eng ganz Rëtsch vun Evenementer op lokalem an nationalem Plang, fir de Leit dobaussen ze weisen, wéi eng edukativ Aarbecht all Dag an hire Strukture geleescht gëtt.

NON-FORMAL BILDUNG – EEN HÉICHWÄERTEGE BILDUNGSPARTNER!

D'Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maison-relaisen, Dageselteren, Foyer-scolairen, a Minicrèchë) betreien Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer an hu säit 2016 e gesetzlech verankerten Bildungsoptrag, nämlech déi non-formal Bildung. D’Grondsätz an d’Charakteristiken sinn am nationale Referenzkader fir déi non-formal Bildung vu Kanner a Jugendlechen festgeluegt.
Di ënnerschiddlech ageriichte Säll an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen sinn den individuelle Bedürfnisser vun de Kanner ugepasst. Hei kënnen si fräi spillen, Spaass hunn a sech entspanen. Esou sinn hir Autonomie an Eegeninitiativ gefërdert. Iwwert d’Erfuerschen an d’Experimentéieren an de verschiddenen Handlungsfelder léiert d’Kand alleng, mat anere Kanner oder mat aneren Erwuessenen.

D'KANNERWOCH 2024 : vum 4. bis den 11. Mee

D'Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, d’Maison-relaisen, d’Foyer-scolairen an d’Dageselteren) organiséieren Aktivitéite mat a fir Kanner, fir den Elteren en Abléck an den Alldag an de Betreiungsstrukturen ze ginn. Ugebuede ginn net nëmmen Atelieren zu deene verschiddensten Theemen, ma och Porte-ouverten oder informativ Spadséiergäng.

Verschidden Aktivitéiten adresséieren sech un zukünfteg Elteren, fir datt si sech mat der Léieraart, wéi déi non formal Edukatioun se erméiglecht, kënne familiariséieren an esou gesinn, wéi hei d’Individualitéit vun all Kand berücksichtegt an zu senger globaler Edukatioun bäigedroe gëtt.

KANNERFESTIVAL : de 4. a 5. Mee, vun 10 bis 18 Auer

D’Woch fänkt u mat engem Kannerfestival, samschdes, de 4. a sonndes, de 5. Mee 2024 am Centre culturel de rencontre Neimënster. Iwwer sechzeg Atelieren invitéieren Är Kanner fir ze spillen, ze kreéieren, ze entdecken, ze sichen oder ze erfuerschen a weisen Iech, wéi een duerch an iwwer dem Spille léiert. Dir kënnt Iech esou mat den Handlungsfelder vun der non formaler Bildung an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen a bei den Dageseltere familiariséieren.

Aktivitéiten an der Kannerwoch – Kanner & Elteren

Zënter 2016 setzt sech de Ministère fir Edukatioun, Kanner a Jugend duerfir an, datt aus de Kanner staark Kanner ginn. E Gesetz garantéiert d’pedagogesch Qualitéit vun de vum Staat unerkannte Prestatairë vun de Servicer fir d’Bildung an d’Betreiung vun de Kanner (Asbl oder Gemeng) oder de private Strukturen (kommerziell Struktur oder Dageselteren), déi permanent verbessert gëtt.

Am Mëttelpunkt vun de pedagogeschen Iwwerleeunge stinn d’Autonomie, dat fräiwëllegt Matmaachen, d'Léieren an der Grupp ëm d’Bild vun engem „kompetente Kand“, dat vu Gebuert un ënnerschiddlech Fäegkeeten an Intressie matbréngt. Dës Iwwerleeungen hunn hir Plaz an engem nationale Referenzkader fonnt, deen d’Prestatairë fir Bildung a Betreiung, déi vum Chèque-service Accueil profitéieren, alleguer musse respektéieren.
Dat selwecht gëllt fir de Programm vun der méisproocheger Fréifërderung fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, begleet vun enger gratis Betreiung vun 20 Stonnen d’Woch, déi 2018 an de Crèchen ageféiert gouf.