13. bis den 19. Mee 2023

AKTIVITÉITE FIR
STAARK KANNER
D’VIRDEELER VUN DER NON FORMALER BILDUNG SPILLERESCH A KREATIV ENTDECKEN
Wärend der Kannerwoch vum 4. bis den 11. Mee 2024 organiséiert de Secteur vun der non formaler Bildung (Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen, Dageselteren) eng ganz Rëtsch vun Evenementer op lokalem an nationalem Plang, fir de Leit dobaussen ze weisen, wéi eng edukativ Aarbecht all Dag an hire Strukture geleescht gëtt.
NON-FORMAL BILDUNG – EEN HÉICHWÄERTEGE BILDUNGSPARTNER!
Crèchen, Maison-relaisen, Dageselteren an Minicrèchë betreien Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer an (hunn) hu säit 2016 e gesetzlech verankerten Bildungsoptrag, nämlech déi non-formal Bildung. D’Grondsätz an d’Charakteristiken sinn am nationale Referenzkader fir d’non-formal Bildung vu Kanner a Jugendlechen festgeluegt.
Di ënnerschiddlech ageriichte Säll vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen sinn den individuelle Bedürfnisser vun de Kanner ugepasst. Hei kënnen si fräi spillen, Spaass hunn an sech entspanen. Esou sinn hir Autonomie an Eegeninitiativ gefërdert. Iwwert d’Erfuerschen an d’Experimentéieren an de verschiddenen Handlungsfelder léiert d’Kand alleng, mat anere Kanner oder mat aneren Erwuessenen.
KOMMT AN ENTDECKT D’BILDUNGS A BETREIUNGSSTRUKTURE vum 4. bis den 11. Mee 2024
D’Crèchen, d’Maison-relaisen, d’Foyer-scolairen an d’Dageselteren organiséieren Aktivitéite mat a fir Kanner, fir den Elteren en Abléck an den Alldag an de Betreiungsstrukturen ze ginn. Ugebuede ginn net nëmmen Atelieren zu deene verschiddensten Theemen, ma och Porte-ouverten oder informativ Spadséiergäng.
Verschidden Aktivitéiten adresséieren sech un zukünfteg Elteren, fir datt si sech mat der Léieraart, wéi déi non formal Edukatioun se erméiglecht, kënne familiariséieren an esou gesinn, wéi hei d’Individualitéit vun all Kand berücksichtegt an zu senger globaler Edukatioun bäigedroe gëtt.

KANNERFESTIVAL, de 4. a 5. Mee, vun 10 bis 18 Auer
D’Woch fänkt u mat engem Kannerfestival, samschdes, de 4., a sonndes, de 5. Mee 2024 am Centre culturel de rencontre Neimënster. Eng drësseg Atelieren invitéieren Är Kanner fir ze spillen, ze kreéieren, ze entdecken, ze sichen oder ze erfuerschen a weisen Iech, wéi een duerch an iwwer dem Spille léiert. Dir kënnt Iech esou mat den Aktivitéitsfelder vun der non formaler Edukatioun an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyer-scolairen a bei den Dageseltere familiariséieren.
Aktivitéiten an der Kannerwoch – Kanner & Elteren
Zënter 2016 setzt sech de Ministère fir Edukatioun, Kanner a Jugend duerfir an, datt aus de Kanner staark Kanner ginn. E Gesetz garantéiert d’pedagogesch Qualitéit vun de vum Staat unerkannte Prestatairë vun de Servicer fir d’Bildung an d’Betreiung vun de Kanner (Asbl oder Gemeng) oder de private Strukturen (kommerziell Struktur oder Dageselteren), déi permanent verbessert gëtt.
Am Mëttelpunkt vun de pedagogeschen Iwwerleeunge stinn d’Autonomie, dat fräiwëllegt Matmaachen, d'Léieren an der Grupp ëm d’Bild vun engem „kompetente Kand“, dat vu Gebuert un ënnerschiddlech Fäegkeeten an Intressie matbréngt. Dës Iwwerleeungen hunn hir Plaz an engem nationale Referenzkader fonnt, deen d’Prestatairë fir Bildung a Betreiung, déi vum Chèque-service Accueil profitéieren, alleguer musse respektéieren.

Dat selwecht gëllt fir de Programm vun der méisproocheger Fréifërderung fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, begleet vun enger gratis Betreiung vun 20 Stonnen d’Woch, déi 2018 an de Crèchen ageféiert gouf.