30. AN 31. MEE 2026
ABTEI NEIMËNSTER
den 30. an 31. Mee an der Abtei Neimënster
Kannerfestival, den 30. Mee 2026, vun 10 bis 18 Auer an den 31. Mee 2026, vun 10 bis 17 Auer
Déi fënneft Editioun vun der Kannwerwoch gëtt samschdes den 30. Mee a sonndes 31. Mee 2026 mat engem Kannerfestival am Centre Culturel vun der Abbaye de Neumünster (28, rue Münster, L-2160 Luxembourg) lancéiert.
A villen Ateliere kënnt Dir mat Äre Kanner spillen, kreéieren, entdecken, fuerschen an Iech esou op eng lëschteg a spilleresch Aart a Weis mat den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung vertraut maachen, déi an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren, Minicrèchen a bei den Dageselteren applizéiert ginn.
Stänn & Workshops
Autonoomt Spill a Léierprozesser
An der Agora invitéiere mir Iech, ee vun de wichtegsten Elementer fir Léierprozesser vum Kand ze entdecken, ze erliewen an Iech doriwwer auszetauschen: d’Spill.
An engem Raum mat inspiréirendem pädagogeschem Material begleede mir Iech an sou kënnt Dir d’Freed an d’Begeeschterung vun Ärem Kand beobachten a mat erliewen.
Fir Kanner vu 0 bis 12
Den DemokratieLabo
Den Zentrum fir politesch Bildung presentéiert eng aktualiséiert Versioun vun der Ausstellung Den DemokratieLabo. Nei Themen a spannend Aufgaben invitéieren d'Visiteuren, hir eegen Iddien, Iwwerzeegungen an Erfarungen am Zesummenhang mat der Demokratie an der lëtzebuergescher Gesellschaft ze analyséieren an ze diskutéieren, genee wéi an engem richtege Laboratoire. D'Ausstellung ass interaktiv a méisproocheg (Däitsch, Franséisch an Englesch) a riicht sech un e breede Public vun 10 bis 99 Joer.
Sall Godchaux
Sall Michel Linden
Sall Lily Unden
1 workshop
Kulturama
Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.
De Stand “Kulturama” invitéiert Iech, zesumme mat Ärem Kand an zwou Kënschtlerinnen an d’Ënnerwaasserwelt anzedauchen. Duerch Danz an Theater entdeckt Dir verschidde Forme vum kënschtlereschen Ausdrock, déi d’Imaginatioun, d’Beweegung an d’Kreativitéit ureegen. Begleet vun enger Choreografin an enger Theaterpädagogin, déi d’Melusina verkierpert, fërdert dës Aktivitéit d’Entdecke vun neie kënschtleresche Passiounen.
Vu 4 bis 12 Joer
BIBLIOBUS
De Bibliobus bréngt Bicher a Liesfreed direkt bei d’Kanner an d’Familljen. Mir invitéieren zum Stéberen, Entdecken an zesumme Liesen. D’Familljen hunn d’Méiglechkeet nei Genren, Themen an Erzielformen op eng spilleresch Aart a Weis ze entdecken a kennenzeléieren. Duerch perséinlech Recommandatiounen a begleedend Aktioune gëtt d’Freed um Liesen nohalteg gefërdert.
Fir Kanner vun 0 bis 5
Geschichten erziele liicht gemaach
An dësem Atelier léieren d’Famillje verschidde pädagogesch Materialie ronderëm d’Geschichten erziele kennen. Et ginn einfach an alldeeglech uwennbar Methode virgestallt, fir Liesmomenter op eng onkomplizéiert Aart a Weis an de Familljenalldag z’integréieren – sief et als Owendritual, kleng Liespaus tëschenduerch oder als Begleedung bei gemeinsamen Aktivitéiten. D’Zil ass et, d’Freed um Virliesen ze vermëttelen, d’Kanner nohalteg fir Geschichten ze begeeschteren an d’Sproochentwécklung ze fërderen.
Fir Kanner vun 0 bis 6
Schreifatelier
An eisem pädagogeschen Atelier „Schreifatelier“ entdecken d’Kanner an hir Familljen d’Freed um Geschichte schreiwen. Si léiere verschidde Schreifweise kennen a kënnen dës selwer ausprobéieren. Kreativ ginn si och beim Bastele vun engem eegene Lieszeechen. Esou ginn d'Sproochkompetenz, d’Fantasie an d’Freed um Liese spilleresch gefërdert.
Fir Kanner vu 7 bis 12
Schloofkoffer
Dëse spillereschen an interaktiven Atelier erlaabt de Kanner, hir eege Owesgewunnechten an hir Aart a Weis, sech op de Schlof virzebereeden, ze entdecken. Ronderëm en Dësch voller alldeeglechen Objeten ginn d’Kanner zu klenge „Schloffuerscher“: si observéieren, wielen aus an erklären, wat si virum Schlofe benotzen. Den Atelier hëlleft esou, d’Owesroutinne vun de Kanner besser ze verstoen – wat si reegelméisseg maachen, wat hinnen hëlleft, roueg ze ginn, oder am Géigendeel, wat d’Aschlofen méi schwéier maache kann. D’Aktivitéit verbënnt d’Auswiel vun Objeten, perséinlech Reflexioun an Austausch an engem benevolen an ouni Uerteel geprägte Kader.
Fir Kanner vun 6 bis 12
Draminsel
Dësen kreative Workshop invitéiert d’Kanner, eng Collage ze maachen, déi de Raum oder d’Aktivitéit duerstellt, an där si sech gutt, roueg a ausgerout fillen. Mat Hëllef vu Stickeren, Zeechnungen a Biller setzt d’Kand visuell eng Plaz zesummen, déi et erlaabt, sech ze erholen, ze entspanen an sech sécher ze fillen. Begleet vum Animateur exploréiert et d’Elementer, déi senger Meenung no Rou, Entspanung a Rescht fërderen, ouni eng Virstellung vu gutt oder schlecht Choixen.
Fir Kanner vun 6 bis 12
Ziel mir deng Geschicht
Schneid, pech, erfann… a gëff den Held vun dengem eegenen Abenteuer! An dësem Atelier baut d'Kand eng Welt, déi him entsprécht, bréngt seng Personnagë zum Liewen an erfënnt eng eenzegaarteg Geschicht. Jidderee kann seng Iddie a Kreativitéit fräi auszedrécken, a sech gehéiert a geschätzt fillen.
Fir Kanner ab 3 Joer
Hänn mat vill Talent
Raaft Saachen op, huelt se mat enger Pëtz, setzt seiwwereneen, huelt e Fuedem a fuerscht mat Äre Fanger! Duerch flott klengErausfuerderungen üübt Dir Äre Geschéck a entdeckt alles, wat Dir mat Ären Hännkënnt maachen. Dir kënnt am eegenen Tempo esou oft spille wéi dir wëllt, averbessert Äre Geschéck an engem séchere Kader.
Fir Kanner ab 1 Joer
Missioun 'méiglech': d’Kannerrechter eroberen
Géi no vir, no hannen, probéier eis Challengen ... an erliefd’Kannerrechter duerch e spillerescht Abenteuer mat villen Iwwerraschungen! Kuckgutt, denk no a vill Spaass – du gëss de Meeschter vun denge Rechter!
Fir Kanner ab 4 Joer
3 Welten - 1000 Abenteuer
Géi an de Bësch, an e Bauerenhaff an op d’Mier! Fuersch, pak un an erfann onwarscheinlech Geschichte mat Déieren a Natur. Si däerfen och an engem sécheren Ëmfeld liewen a wuessen. Vill Spaass, entdeck d’Welt a looss deng Fantasie spille fir 1000 Abenteuer ze gestalten ... andeems du hiert Doheem respektéiers an e richtege Beschützer vun den Déiere gëss.
Fir Kanner ab 2 Joer
1 workshop
10 doigts – 10 droits
Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.
De Stand “10 Doigts – 10 Droits” (“10 Fangeren – 10 Rechter”) bitt Ärem Kand d’Méiglechkeet seng Rechter mathëllef vun engem flotte Fangerpoppespill kennen ze léieren. Animéiert vum Potty Lotty, vermëttelt dës Aktivitéit wichteg Notiounen op eng zougänglech a spilleresch Aart a Weis a fërdert dobäi och den Austausch an d’Gespréich an der Famill.
Vun 0 bis 4 Joer
Sensoresche Parcours fir déi ganz kleng Kanner : Motorik a Sënner stäerken
E Parcours wou kleng Kanner hir Sënner op eng duuss Manéier kenne stimuléieren. Si entdecke verschidde Materialien, Texturen a Sensatiounenduerch Taaschten, Beweegung an Observatioun. Mat enger Villfalt u Materialien an Objete léieren si hire Kierper an hir Ëmwelt an engem sécheren a berouegende Kader kennen, an hir Virwëtz,Entwécklung a Freed um Entdecke gëtt gefërdert.
Fir Kanner vun 0 bis 2
Mat véier Hänn: Mat denger Famill däin eegene Tic-Tac-Toe gestalten !
D’Kanner an hir Eltere gestalten zesummen hiren eegenen Tic-Tac-Toe, andeems si Waken op eng individuell an eenzegaarteg Manéier dekoréieren.
Jidderee bréngt säi perséinlechen Touch, a féier Hänn gestalten hiert eegent Spill. D’Spillbriet ass an enger Tut, déi ee mat heem kann huele fir dës spilleresch a nohalteg Aktivitéit, an déi gemeinsam Momenter kënne weider zesumme genéissen.
Fir Kanner ab 2 Joer
Entdeck deng 5 Sënner – e risegt Gänsespill !
Taucht an eng grouss Versioun vum Gänsespill an, wou är 5 Sënner op d’Prouf gestallt ginn! D’Kanner zesumme mat hiren Eltere beweege sech iwwert d’Spillfeld a entdecken dobäi spannend sensoresch Aktivitéiten: fillen, schmaachen, richen, gesinn a lauschteren.
All Feld hält eng kleng Iwwerraschung bereet, fir zesummen ze entdecken, ze experimentéieren a Spaass ze hunn. Eng interaktiv Familljenaktivitéit, déi een net verpasse soll!
Fir Kanner ab 2 Joer
Gestalt deng eege magesch Magnéiter!
Gestalt däi perséinleche Magnéit wéi e richtegen Designer! Wiel deng Faarwen, Formen a Motiver eraus, an huel däi Magnéit mat, fir däin Doheem ze dekoréieren. Eng kreativ a flott Aktivitéit, bei där s du däin Talent an deng Fantasie ausübe kanns!
Fir Kanner ab 2 Joer
Kannerbedeelegung léieren mam Kompetenzlabo
Glécksrad: Quiz iwwer Kannerrechter
Fir Kanner vun 8 bis 12
Button Makers
Kreativ ginn a selwer Buttons gestalten.
Fir Kanner vu 4 bis 12
Fortbeweegungsmëttel
Statioun mat der Fro: „Mat wéi engem Fortbewegungsmëttel géeifs du am Léifsten reesen?“, déi d’Kanner invitéiert hiert Fantasie-Transportmëttel ze molen + eng Tafel wou d’Kanner kënnen hier Biller ophänken.
Fir Kanner vu 4 bis 12
Mini Trigonos
Konstruéier dir deng Welt mat Bauelementer
Fir Kanner vun 8 bis 12
5 workshops
Fort mat der Strëmp
Dës Aktivitéit weist op eng ganz fein Aart, wéi vill Kraaft an enger roueger, respektvoller a bewosster Pflegesituatioun stécht. An engem geschützte Raum kënne mir als Erwuessener zesumme mat de Kanner erliewen, wéi et ass, wann all Schrëtt ugekënnegt gëtt, Zäit gelooss gëtt an de Rhythmus vum Kand respektéiert gëtt. Sou kritt et Orientéierung a Sécherheet an dierf als richtege Partner matwierken.
D‘Beweegung gëtt verbal begleed, et gëtt op d'Reaktioun vum Kand geward a eréischt duerno de nächste Schrëtt gemach. Genee dat erliewe d’Participanten am “Strëmp-Experiment”: roueg Gesten, bewosst Handlungen an e Miteenaner, dat d’Kand aktiv mat abezitt. Hei geet et net nëmmen ëm Pfleeg – et geet ëm Relatioun. Eng flott Geleeënheet fir ze spieren, wéi vill Déift esou kleng Momenter kënne kréien. Wëlls du dat mat erliewen?
Fir Kanner vu 0 bis 4
Wibbeleg kleng Entdecker
Am Fräispill erwaart d’Kand e Raum, deen et net nëmme fir ze sortéieren, ze experimentéieren an ze entdecken invitéiert, mee och vill Plaz fir Beweegung bitt. Oppe Materialie wéi Holzréng, Kierf oder kleng Holzscheiwen ginn gefëllt, geschott, gestapelt oder sortéiert – an dobäi mat alle Sënner entdeckt. Gläichzäiteg lueden Holz-Beweegungsgeräter wéi Kletterdräieck an Podester dozou an, ze klammen, ze krauchen, ze balanséieren an déi eege Geschécklechkeet auszeprobéieren. Sou verbënnt d’Kand natierlech dat fréi Fuerschen mat vill Bewegung.
Beim Sammelen, Vergläichen, Sortéieren, Bauen a Transportéieren entwéckelt et e Gefill fir Gréissten, Mengen an Distanzen.
Fir Kanner vu 0 bis 4
Transitiounen duerchgoen
Et gëlt genee hinzekucken: Wéi vill Transitioune ginn et eigentlech – vum Opstoen iwwer d’Wiessel vu Raim bis hin zu bis hin zu den klengsten Ënnerbriechungen am Spill - a wéi kënne mir an dësen Momenter fir d’Kanner wierklech do sinn?
An dëser Aktivitéit begleede mir d’Kand duerch verschidde Situatiounen, déi visuell duergestallt sinn: d’Erwuessener ginn un, wou d’Kand elo „hi geet“, et gëtt sech dohin beweegt, wat ugekënnegt a verbal begleed gëtt. Sou spiere Grouss a Kleng, wéi vill Orientéierung a Sécherheet et gëtt, wann een net eleng duerch eng nei Situatioun muss, mee eng Hand un der Säit huet, déi mat duerch all Passage féiert. Et weist, datt esou Wiesselmomenter net kleng Saache sinn – et si Brécken, déi dem Kand hëllefen, gutt an déi nächst Situatioun eriwwerzekommen.
Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer
Inklusioun fir unzepaken
Inklusioun fir Unzepaken ass eng flott an léierräich Aktivitéit fir Kleng an Grouss, bei där spilleresch entdeckt gëtt, wéi ënnerschiddlech d’Mënschen d’Welt wouerhuelen. Geleed duerch Mini-Statiounen gëtt probéiert mat verbonnenen Aen Objeten z’ertaschten, Geräischer ze erkennen oder mat enger klenger „Aschränkung“ ze bauen oder ze schreiwen. Dës kleng Erausfuerderunge maachen séier kloer: mat de richtege klengen Upassunge ka wierklech jidderee matmaachen! Fir den klengen „Aha-Moment“ ass och gesuergt; hei gëtt kloer, wat Inklusioun wierklech heescht: dass net alleguer dat selwecht maachen - mee dass alleguer dobäi kënnen sinn.
Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer
Diversitéit verbildlechen
D’Kanner entdecken op eng kreativ Aart, wat Diversitéit bedeit. Jidderee kritt d’Méiglechkeet, sech selwer ze vereiwegen – genee esou, wéi en sech selwer gesäit: mat senge Faarwen, senge Formen, senge Besonderheeten. Et geet net drëms, „richteg“ ze molen, mee sech selwer ze weisen, mat allem, wat een ausmécht. No an no entsteet een grousst Bild voller individueller Gesiichter – all eenzegaarteg, all anescht, all wichteg. Dat weist, wéi villfälteg a lieweg d‘Gruppen an den non-formalen Ariichtungen sinn an d’Diversitéit och all Dag gelieft a gestäerkt gëtt, well: Ënnerscheeder sinn genau dat, wat eis zesumme staark mécht.
Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer
„Wuessfiguren“ gestalten
Kanner kréie Käerzen déi brennen, a loossen de Wues an eng Form drëpsen déi an enger Schossel mat kaalem Waasser läit. De Wues gëtt am kale Waasser haart an zum Schluss entsteet eng Figur. D’ Kanner kennen hei Käerze mat verschiddene Faarwe benotzen a ginn dobäi hirem Projet eng zousätzlech kreativ, individuell Faarfgestaltung
D’Ziler sinn :
- Selbstänneg experimentéieren an entdecken
- Seng eege Kreativitéit ausdrécken
- Responsabel mat « geféierlechen » Materialie wéi Feier a Wuess ëmgoen
- Säi Selbstvertrauen am kreative Prozess stäerken
- D'Feinmotorik a Hand-Ae-Koordinatioun verbesseren
De Labo vu P'tits Bouchons – Experimentéieren an natierlech Faarwen selwer maachen
D’Kanner ginn zu klenge Wëssenschaftler! Mat Pipetten, Glieser a natierleche Materialien experimentéieren, mëschen an observéieren si. Sand, Blummen, Pigmenter a Waasser verwandelen sech an iwwerraschend Kreatiounen.
Eng spilleresch Plaz fir ze testen, z’entdecken an d’wëssenschaftlech Virwëtz ze erwächen.
Fir Kanner vu 0 bis 12
Nature room
An dësem artistesche Raum molen d’Kanner fräi op grouss Leinwänn mat natierleche Materialien. Äerd, Sand, Kaffi, Blummen oder Blieder ginn zu kreative Wierkzeugen.
Eng eenzegaarteg sensoresch Erfarung fir Faarwen an Texturen z’entdecken an der Fantasie fräie Laf ze loossen.
Fir Kanner vu 0 bis 12
Face painting
E Schminkatelier, wou d’Kanner sech no hire Wënsch verwandele kënnen! Déieren, Blummen, Superhelden oder fantasievoll Kreatiounen entstinn mat Hautfrëndleche Faarwen.
E spilleresche Moment, bei deem all Kand mat enger eenzegaarteger Erënnerung aus dem Labo Vert heem geet.
Fir Kanner vu 0 bis 12
Erkenn dech selwer am Spill
Op wat fir Iddie kënns du, wann s de Zäit hues, eng spannend Plaz a Frënn, déi Loscht hunn matzespillen?
De CAPEL mécht wärend dem Festival de l’enfance e Spill- a Fräiraum op, an deem d’Ausernanersetzung mat sech selwer an d’Treffe mat aneren am fräie Spill méiglech gëtt. De Visiteur vum Spillberäich kritt eng uspriechend Offer u Material zur Verfügung gestallt, an domat entsteet e magesche Raum, an deem Spill, Austausch an e Flow-Erliefnis (komplett Andauchen an eng Aktivitéit, begleet vun intensiver Konzentratioun, Selbstvergiessenheet a grousser Freed) méiglech ginn.
Fir Kanner ab 5 Joer
Entwécklungsräim fir Kanner vun 0 bis 2
Hei geet et drëms ee Kidscare-Raum fir Kanner am Alter vun 0 bis 2 Joer nozebauen, fir d'Léierberäicher ronderëm sechs Handlungsfelder ze weisen.
Fir Kanner vu 0 bis 2 Joer
Entwécklungsräim fir Kanner vun 2 bis 4
Hei geet et drëms ee Kidscare-Raum fir Kanner am Alter vun 2 bis 4 Joer nozebauen, fir d'Léierberäicher ronderëm sechs Handlungsfelder ze weisen.
Fir Kanner vu 2 bis 4 Joer
1 workshop
Weess de schonn
Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.
De Stand “Weess de schonn” bitt Ärem Kand d’Méiglechkeet dräi wëssenschaftlech Aktivitéiten ze entdecken: d'Saier duerch en Experiment mat Kabes verstoen, eng Rakéit bauen oder e “mënschleche Roboter” op engem flotten Hindernis-Parcours programméieren. Testen, ausprobéieren, experimentéiere ginn hei zu enger schéiner Geleeënheet zesummen eppes Neits ze entdecken – an dat mat der Ënnerstëtzung vun de Partner vum Pilotprojet an dem Luxembourg Science Centre.
Vu 4 bis 12 Joer
Beweegungsspiller
Beweegungslandschaften fërderen op eng ganz eenheetlech Aart a Weis d’kierperlech, kognitiv a sozial Entwécklung vun de Kanner. Duerch Aktivitéite wéi klammen, schaukelen a rutsche stäerken si hir motoresch Kompetenzen, hiert Selbstvertraue souwéi d’Perceptioun vun hirem Kierper.
Beweegungslandschaften fërderen d’Autonomie, d’Kreativitéit an hëllefen de Kanner, Ängschten ofzebauen. Si bidde villfälteg Beweegungserfarungen, vermëttele Freed un der Aktivitéit an droen dozou bäi, Stress ze reduzéieren.
D’Beweegungslandschaften sinn Abenteuerspillraim wou d’Kanner hiren natierleche Beweegungsdrang erfëllen a bidden hinnen e Raum, fir sech fräi ze entwéckelen an nei Erfarungen ze maachen.
Ziler vu Beweegungslandschaften:
D’Freed an de Spaass un der Beweegung am Fräien an an der Natur entdecken an ausbauen
Sech de positive Wierkunge vun der kierperlecher Aktivitéit bewosst ginn
D’Selbstwäertgefill an de Courage stäerken
Aner Kanner kenneléieren, Frëndschaften opbauen a sozial Bezéiunge fleegen
Sozial Kontakter tëscht de Kanner fërderen an aktiv begleeden
Sech bewosst ginn datt eng sportlech Gruppenaktivitéit verbënnt an d’géigesäiteg Ënnerstëtzung stäerkt
Dat allgemengt Wuelbefannen nohalteg fërderen
Fir Kanner vun 0 bis 12
Sport- a Beweegungsspiller
Sport- a Beweegungsspiller si wichteg fir déi ganzheetlech Entwécklung an d’Gesondheet vun de Kanner. Si fërderen net nëmmen d’kierperlech Fitness, mee och sozial, kognitiv an emotional Kompetenzen. Beweegungsspiller entspriechen dem natierleche Beweegungsdrang vun de Kanner, stimuléieren d’Perceptioun, verbesseren d’Kierperbewosstsinn a stäerken d’Motorik.
Si bidden och d’Méiglechkeet, individuell Stäerkten ze fërderen an inklusiv Offeren ze schafen, bei deenen all Kand no senge Fäegkeete matmaache kann. Zesummegefaasst droe Sport- a Beweegungsspiller dozou bäi, e gesond, ausgeglachent a soziaalt Liewen ze ënnerstëtzen.
Ziler vu Sport- a Beweegungsspiller:
D’Freed an de Spaass un der Beweegung am Fräien an an derNatur entdecken a genéissen
Sech de positive Wierkunge vun der kierperlecher Aktivitéit bewosst ginn
D’Selbstwäertgefill an de Courage stäerken
Aner Kanner kenneléieren, Frëndschaften opbauen a sozial Bezéiunge fleegen
Sozial Kontakter tëscht de Kanner fërderen an aktiv begleeden
Sech bewosst ginn datt eng sportlech Gruppenaktivitéit d’Kanner verbënnt an d’géigesäiteg Ënnerstëtzung stäerkt
D’Wuelbefanne steigeren
Fir Kanner vun 0 bis 12
Braceleten bastelen
An dësem Atelier kann all Kand säin eegene Bracelet bastelen: e faarwege brasilianesche Bracelet oder eng Kreatioun mat Stäbchen. D’Kand gëtt léif begleet an entdeckt d’Freed um Bastelen, Upaken, Zesummesetzen a Gestalten … dat Granzt, a sengem eegene Rhythmus.
Ab 3 Joer
Plastilinn mat Gewierzer
An dësem Atelier entdecken d’Kanner eng aner Zort vu Plastilinn: hausgemaach a mat Gewierzer parfüméiert. Kanéil, Kurkuma, Kakao… Doft, deen ee ka mat de Fangeren entdecken.
Ab engem Joer
Eng faarweg Welt
A wann en einfache Bléck alles kéint veränneren? D’Kanner bastelen hei hiren eegenen „Fotoapparat“ aus Kartong an entdecken d’Welt duerch faarweg Filteren.
Ab 4 Joer
Escape Game: „Rett de Rothirsch an d'Feldhong“ – En Abenteuer fir d’ganz Famill!
An dësem Escape Game tauchen d'Kanner (8-12 Joer) zesumme mat hiren Elteren an d’faszinéierend Welt vum Rothirsch a vum Feldhong an. Béid Déieren si vum Ausstierwe bedrot, a goufen als „Déier vum Joer“ respektiv „Vull vum Joer“ ernannt. D'Famille mussen zesumme kniwweleg Rätsele léisen a spannend Aufgabe meeschteren, fir dës Déieren ze retten an hire Liewensraum ze schützen.E spannend Abenteuer, an dem Dir méi iwwer dës bedrote Spezies léiert an Iech fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt asetzt!
Fir Kanner vun 8 bis 12
Déieresche Beweegungsparcours
Op eisem Beweegungsparcours kënne d'Kanner Koordinatioun, Schnellegkeet a Geschécklechkeetop spilleresch Manéier entdecken – wéi de staarke Rothirsch an dat flénkt Feldhong . D’Statioune vermëttele Spaass un der Beweegung, Neies auszeprobéierenan sech auszetoben a bidden e spillerescht Abenteuer firKanner vun 3 bis 12 Joer.
Fir Kanner vun 3 bis 12
1 workshop
Zesummen aktiv
Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.
De Stand "Zesummen aktiv" invitéiert Iech , zesumme mat Ärem Kand un zwee Challenge ronderëm Geschécklechkeet a Beweegung deelzehuelen. Dës dynamesch Aktivitéite bidden d'Méiglechkeet, sech ze beweegen, seng Grenzen erauszefuerderen an en aktiven a flotte Moment als Famill ze erliewen.
Fir Kanner vu 4 bis 12
1 workshop
Naturfestival: 7 Statiounen, 1 Aventure
De Service Foyers scolaires hëlt iech mat op eng spannend Rees, wou d’Natur zum Ausdrocksraum an zu enger Quell vu Sensibiliséierung gëtt. All Schrëtt ass eng nei Entdeckung, all Statioun en Erliefnis an eng Erausfuerderung!
Spiller, Spaass an Natur wäerten iech begleeden!
Fir Kanner bis 12 Joer
Sensoresche Buerféiss-Parcours
Dës Aktivitéit fërdert déi de Kanner hir motoresch a sensoresch Entwécklung.
D’Kanner, begleet vun hiren Elteren, entdecke verschidden natierlech Materialie wéi Sand, Kiselsteng, Holz, Blieder oder Stréi … wat d’Propriozeptioun, d’Gläichgewiicht an d’Koordinatioun ënnerstëtzt.
Dës spilleresch Aktivitéit stäerkt d’Bezéiung tëscht Elteren a Kanner, fërdert d’Autonomie, de Virwëtz an d’Wouerhuelen vu Sensatiounen an engem séchere Kader.
Ab 3 Méint bis 12 Joer
Een Eck fir den Taaschtsënn
Dësen Atelier fir sensoresch Bewosstsinn invitéiert Kanner (vun 3 Méint bis 12 Joer), d’Natur iwwer den Taaschtsënn ze entdecken.
Op enger Holzstruktur fannen d'Kanner 12 Këschten an deenen natierlech Elementer (Moos, Muschelen, Dännenzappen …) mat verschiddenen Texturen verstoppt sinn.
D’Zil ass d’stereognosesch Erkennung, d’feinmotoresch Fäegkeeten an de sensoresche Vokabulär ze entwéckelen. No e puer fräi Erfuerschunge dréit d'Kand e Rad, fir sech eng Erausfuerderung ze stellen: e bestëmmten Objet ouni ze kucken erëmzefannen. Eng flott Aktivitéit, déi d'Konzentratioun a d’ Virwëtz fërdert.
Fir Kanner vun 3 bis 12 Joer
Wéi richt d'Natur
E klengt sensorescht a witzegt Spill, fir e flotte Moment zesumme mat der Famill ze deelen. Elteren a Kanner entdecke verschidden Tute mat natierleche Gerécher: Lavendel, Peffermënz, Thymian, Orangëschuelen … Et gëtt geroch, d’Biller gi studéiert, an et gëtt probéiert erauszefannen, wéi ee Geroch sech an der Tut verstoppt.
Een einfachen a spilleresche Moment, fir d’Sënner ze erwächen, d’ Virwëtz ze fërderen an zesummen e schéine Moment ze genéissen wou ee versicht erauszefanne wéi d'Natur richt.
Fir Kanner vun 3 bis 12 Joer
1 workshop
Loscht op Handwierk
Mir invitéieren Iech erausfannen ze kommen, wat Äert Kand all Dag an de Crèchen, Maisons relais oder bei den Dageselteren, am Häerz vun der non-formaler Bildung, erlieft. Dës Stänn presentéiere Pilotprojeten, déi zesumme mat bal 50 Bildungs- a Betreiungsservicer (SEA) entwéckelt goufen an erméiglechen Iech, mat Ärem Kand un Aktivitéiten deelzehuelen, déi säi Virwëlz, Kreativitéit a Loscht ze léiere stimuléieren. Educateure stinn och zur Verfügung fir Iech d’Projeten ze erklären, a mat Iech ze diskutéieren, wéi dës Erfarungen zur Entwécklung vun Ärem Kand (Autonomie, Selbstvertrauen, Sprooch, motoresch Fäegkeeten, asw.) bäidroen, a fir Iech Iddien ze ginn, wéi een se einfach doheem ëmsetzen a weiderféiere kann.
De Stand “Loscht op Handwierk” bitt eng immersiv Aféierung an d’Handwierker vun der Pâtisserie an der Schräinerei. Duerch Spiller mat alle Sënner entdeckt Äert Kand d’Zutaten déi an d’Brout gehéieren. Dono kann et sech am Holz-Handwierk ausprobéieren: schläifen, kleng Challenge meeschteren an e Géigestand fir mat heem hierstellen. Eng flott Manéier, d'Sënner an d'Kreativitéit duerch praktesch Erfarungen ze stimuléieren.
Vu 4 bis 12 Joer
16 workshops
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 11:00 bis 11:30 : Kannerae liichten offline méi hell – kleng Momenter, grouss Wierkung
D’Bildschiermer sinn net mei aus eisem Alldag ewech ze denken. Dofir kënnt dir an dësem Workshop entdecke, wéi wäertvoll scho kleng gemeinsam Aktivitéite, mat wéineg oder ganz ouni Ecran, kënne sinn a wéi dës d’Entwécklung vun ärem Kand ënnerstëtzen.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum CNAPA (Centre National de Prévention des Addictions), gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 0 a 5 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 12:00 bis 12:15 : Loosst eis mat eise Fanger sangen
Op der Spilldecken, um Wéckeldësch, an der Kutsch oder am Wartesall – loosst eis dës Momenter bewosst notzen, fir op eng natierlech Aart a Weis mat eise Puppelcher ze kommunizéieren. Reimer bei deenen d’Fanger d’Haaptroll spillen, invitéieren d’Kanner aktiv matzemaachen. D’Stimulatioun vun de Fanger (an och den Zéiwen) hëlleft hinnen hire Kierper besser ze spieren an d’Reimer bidden hinnen d’Geleeënheet, Freed un der Sprooch an um Rhythmus ze entdecken.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 0 an 1 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 12:15 bis 13:00 : Elterecafé
Als kleng Paus tëscht de Mini-Konferenzen, luet d’Ekipp vum Eltrereforum Iech op en Elterecafé an. Tëscht 12:30 an 13:00 Auer, kënnt Dir bis an den Tipi laanschtkommen, kuerz duerchootmen a bei enger Taass Kaffi an d’Gespréich kommen. Hutt Dir Froe ronderëm d’Eltereschaft déi Iech beschäftegen? Da profitéiert vun der Geleeënheet fir Iech mat engem vun eise Coordinateuren auszetauschen.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Eltereforum, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 0 an 12 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 13:30 bis 14:00 : DANZ AN ALLDEEGLECHT LIEWEN
Am Kader vum Workshop "D'Ënnerwaasserwelt vum Kierper an seng Rees vun Entdeckung an Expressioun duerch Danz" wäert d’Jill Crovisier, multidisziplinär Danzkënschtlerin a Pädagogin hir Iwwerleeunge matdeelen, wéi Danz an Expressioun a Praktiken integréiert ka ginn, déi och ausserhalb vun Danzcoursen oder engem änlechem Ëmfeld accessibel sinn. Si wäert och Tools an Erkenntnisser aus hiren Erfarungen deelen. Wärend der Mini-Konferenz erkläert d'Kënschtlerin nach méi genee, firwat dës Ausdrocksweis gutt ass fir jonk Kanner an hir Entwécklung.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Jill Crovisier, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 an 12 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 14:15 bis 14:30 : D’Sënner stimuléieren
An dësem Alter entdecken d’Kanner hir Welt ëmmer méi intensiv, virun allem iwwert de Mond. Nieft dem Iessen hu mir alleguer doheem Material, mat deem mir kënne Saache mat ënnerschiddleche Strukturen, Faarwen a Kläng bastele, fir den Taaschtsënn, d’Gehéier, d’Vue an de Gerochssënn vu klenge Kanner ze stimuléieren. Loosst d’Fläschen, d’Nuddelen, d’Miel, d’Nuesschnappecher, d’Schlësselen… zum Liewen erwächen!
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 1 an 2 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 15:00 bis 15:30 : Op Entdeckungsrees duerch d’Gefillswelt
Komm mat op eng spannend Rees: zesummen tauche Kanner an Elteren an eng Geschicht an a begéine Roserei, Freed, Trauer, Gléck a Courage, Sehnsucht a Léift. Mat klenge Spiller an Übunge probéiere mir aus, wéi Gefiller sech weisen a wéi se sech ausdrécke loossen – ganz praktesch an alldagsno. Dobäi steet am Zentrum, dat mir zesumme Gefiller erliewen. Fir d’Eltere gëtt et zousätzlech Hannergrondinformatiounen an Impulser fir de Familljenalldag mam Fokus dorop, datt all Gefiller richteg a wichteg sinn.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vun Elisabeth an Deel vun hirem Projet “Cool-Down”, gëtt op Lëtzebuergesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 an 10 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 15:45 bis 16:15 : Op Entdeckungsrees duerch d’Gefillswelt
Komm mat op eng spannend Rees: zesummen tauche Kanner an Elteren an eng Geschicht an a begéine Roserei, Freed, Trauer, Gléck a Courage, Sehnsucht a Léift. Mat klenge Spiller an Übunge probéiere mir aus, wéi Gefiller sech weisen a wéi se sech ausdrécke loossen – ganz praktesch an alldagsno. Dobäi steet am Zentrum, dat mir zesumme Gefiller erliewen. Fir d’Eltere gëtt et zousätzlech Hannergrondinformatiounen an Impulser fir de Familljenalldag mam Fokus dorop, datt all Gefiller richteg a wichteg sinn.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vun Elisabeth an Deel vun hirem Projet “Cool-Down”, gëtt op Franséisch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 an 10 Joer.
SAMSCHDES, 30. MEE 2026, vun 16:45 bis 17:15 : Déi faszinéierend Welt vun de Seefeblosen! – Zesummen entdecken, staunen, léieren
Daucht an déi magesch Welt vun de Seefeblosen an! An dëser spannender Show entdecken Elteren zesumme mat hire Kanner wéi duerch scheinbar gewéinlech Saachen erstaunlech Phänomener entstoe kënnen a wéi kleng Beobachtunge grousst Staunen ausléise kënnen: Firwat blénke Seefeblosen an alle Faarwen? A wéi eng spannend nei Formen entstinn, wann sech dënn Hait tëschent Forme spanen? Loosst eis zesummen op eng spannend Rees an d'Welt vum Liicht an der Mathematik goen. En Abléck an d'Schéinheet vun der Natur, dee weist: Hannert eppes sou Alldeeglechem wéi Seef stécht eng immens spannend Wëssenschaft!
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Science Center gëtt op Lëtzebuergesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 6 an 12 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 10:30 bis 11:00 : DANZ AN ALLDEEGLECHT LIEWEN
Am Kader vum Workshop "D'Ënnerwaasserwelt vum Kierper an seng Rees vun Entdeckung an Expressioun duerch Danz" wäert d’Jill Crovisier, multidisziplinär Danzkënschtlerin a Pädagogin hir Iwwerleeunge matdeelen, wéi Danz an Expressioun a Praktiken integréiert ka ginn, déi och ausserhalb vun Danzcoursen oder engem änlechem Ëmfeld accessibel sinn. Si wäert och Tools an Erkenntnisser aus hiren Erfarungen deelen. Wärend der Mini-Konferenz erkläert d'Kënschtlerin nach méi genee, firwat dës Ausdrocksweis gutt ass fir jonk Kanner an hir Entwécklung.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Jill Crovisier, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 an 12 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 11:15 bis 11:30 : Loosst eis zesumme danzen
D’Kanéngchen dat hopst, de Pinguin dee watschelt, d’Päerd dat galoppéiert– genuch Inspiratioun, fir zesumme Spaass ze hunn an Déieren nozedanzen! Och ouni Musek si Freed, Laachen an eng iwwerschaimend Fantasie bei dëser Aktivitéit garantéiert, déi och wéisst, wéi gutt Beweegung deet.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 2 an 3 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 12:00 bis 12:30 : D’Magie vum Spill am Klengkandalter – Fräit Spill verstoen a begleeden
Firwat schëtt mäi Kand ëmmer erëm Saachen aus?
Firwat dréit et Géigestänn vun enger Plaz op déi aner?
Firwat wëll et all d’Autoen hunn – a deelt net mat aneren?
Froen, déi vill Eltere vu klenge Kanner beschäftegen.
An dësem kuerzen Impuls tauche mir zesummen an d’Welt vum fräie Spill an. Dir erlieft, firwat scheinbar „einfach“ Aktivitéiten esou wichteg sinn, wat fir Spillprozesser dohannert stiechen a wéi mir Kanner dobäi begleede kënnen.
E Moment fir ze staunen an ze verstoen – e Bléck op dat, wat dacks onscheinbar wierkt an dach esou wäertvoll ass.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Spillzenter, gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 2 an 3 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 12:30 bis 13:00 : Elterecafé
Als kleng Paus tëscht de Mini-Konferenzen, luet d’Ekipp vum Eltrereforum Iech op en Elterecafé an. Tëscht 12:30 an 13:00 Auer, kënnt Dir bis an den Tipi laanschtkommen, kuerz duerchootmen a bei enger Taass Kaffi an d’Gespréich kommen. Hutt Dir Froe ronderëm d’Eltereschaft déi Iech beschäftegen? Da profitéiert vun der Geleeënheet fir Iech mat engem vun eise Coordinateuren auszetauschen.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Eltereforum, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 0 an 12 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 13:15 bis 13:30 : D’Fantasiespill
Iwwert d’Äis rutschen ouni d’Keelt, sech hannert Beem verstoppen ouni Bësch, an engem Weier schwammen ouni Waasser? Jo, dat geet! Fantasiespiller stäerken net nëmmen déi sozial Kompetenzen an den Ëmgang mat Emotiounen, mee fërderen och d’Kreativitéit, d’Léisung vu Probleemer an flexibelt Denken. Opgepasst op dat rosat Päerd!
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 a 4 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 13:45 bis 14:15 : An d’Waasser falen… an awer gewannen?
Familljespiller als Momenter, déi zielen.
An dësem Atelier entdeckt Dir, unhand vum spannende Spill „ Planken-Plumpser“, wéi d’Spille vu Gesellschaftsspiller mat Äre Kanner zu wäertvollen, gemeinsame Momenter voller Freed kënne ginn. Nom Spill huele mir eis Zäit fir zesummen op d’Erfarung zeréckzekucken: Wat mécht e Gewënn esou speziell? A wéi geet ee mat enger Néierlag ëm? Am Austausch entdecke mir déi wäertvoll Léiererfarungen, déi esou Situatioune bidden – fir Kleng a Grouss.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 a 10 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 14:30 bis 15:00 : An d’Waasser falen… an awer gewannen?
Familljespiller als Momenter, déi zielen.
An dësem Atelier entdeckt Dir, unhand vum spannende Spill „ Planken-Plumpser“, wéi d’Spille vu Gesellschaftsspiller mat Äre Kanner zu wäertvollen, gemeinsame Momenter voller Freed kënne ginn. Nom Spill huele mir eis Zäit fir zesummen op d’Erfarung zeréckzekucken: Wat mécht e Gewënn esou speziell? A wéi geet ee mat enger Néierlag ëm? Am Austausch entdecke mir déi wäertvoll Léiererfarungen, déi esou Situatioune bidden – fir Kleng a Grouss.
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vu PottyLotty, gëtt op Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 a 10 Joer.
SONNDES 31 MEE 2026, vun 15:30 bis 16:15 : Déi faszinéierend Welt vun de Seefeblosen! – Zesummen entdecken, staunen, léieren
Daucht an déi magesch Welt vun de Seefeblosen an! An dëser spannender Show entdecken Elteren zesumme mat hire Kanner wéi duerch scheinbar gewéinlech Saachen erstaunlech Phänomener entstoe kënnen a wéi kleng Beobachtunge grousst Staunen ausléise kënnen: Firwat blénke Seefeblosen an alle Faarwen? A wéi eng spannend nei Formen entstinn, wann sech dënn Hait tëschent Forme spanen? Loosst eis zesummen op eng spannend Rees an d'Welt vum Liicht an der Mathematik goen. En Abléck an d'Schéinheet vun der Natur, dee weist: Hannert eppes sou Alldeeglechem wéi Seef stécht eng immens spannend Wëssenschaft!
Dës Mini-Konferenz, organiséiert vum Science Center gëtt op Englesch ugebueden.
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 6 an 12 Joer.